Yves Wengler
Quick Facts
Biography
Den Yves Wengler, gebuer de 4. Abrëll 1963 zu Iechternach, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker. Hien ass zënter 2015 Buergermeeschter vun der Gemeng Iechternach.
Hien huet 1982 seng Première am Iechternacher Lycée gemaach an ass duerno op Kaiserslautern op d'Universitéit gaangen, wou hien 1988 säin Diplom als Elektroingenieur krut. Zu där Zäit war hie Sekretär an duerno President vun der Association nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois (ANEIL).
Vun Oktober 1996 u war den Yves Wengler Member am Iechternacher Gemengerot. Tëscht Dezember 2005 a Februar 2009 war hie Schäffen.
Hien ass zënter Juli 2001 President vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI) an zënter Februar 2015 Buergermeeschter. Hie gouf vu senger Partei als Nofolger vum Théo Thiry nominéiert, deen zréckgetruede war.
Kuckt och
- Lëscht vun de Buergermeeschtere vun Iechternach