Tit Schroeder
Quick Facts
Biography
Den Théodore Henri ("Tit") Schroeder, gebuer den 12. Januar 1911 zu New York a gestuerwen de 27. Januar 1986, war e lëtzebuergeschen Auteur.
Den Tit Schroeder, de Jong vun engem lëtzebuergesche Papp an enger franséischer Mamm, huet e puer Joer zu New York gelieft a koum dann, am Alter vun néng Joer, als Hallefweese mat sengem Papp op Lëtzebuerg, wou hien emol fir d'éischt huet misse Lëtzebuergesch léieren. No senger Primäschoul zu Useldeng huet e säi Secondaire zu Dikrech gemaach.
Hie war Englesch-Professer an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht.
Hien ass virun allem fir seng Gedichter an Theaterstécker op Lëtzebuergesch bekannt ginn, dorënner d'Gedichtsbänn Um haalwe Wee (1966) an De gaunze Wee (1991) an d'Theaterstécker Besuch um Wudderhaff (1963), De Schäffe vum ale Maart (1963) an D'Pëltgesfamill (1965).
Éierung
Den 1. Oktober 2011 gouf zu Useldeng eng Plaz (de Mëlleschgruef) nom Tit Schroeder genannt, an och eng Buste, déi vum Georges Calteux geschaf gouf, vun him do opgestallt.
Literatur
- Syndicat d'Initiative Useldeng, Centre national de littérature (Hg.): Ënnerwee uechter d'Land. Theaterstécker vum Tit Schroeder. (+ CD). 2019.
- Baden, J., 2011. E feint Gefill fir d'Sprooch. Band "De gaunze Wee" am Kader vum 100. Anniversaire vum Autor. Die Warte Nr. 31|2345 vum 10. November 2011, S. 13.
- Muller, Roger, 2007. Schroeder, Tit.in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesummen mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. Online-Versioun. Stand: 21. Oktober 2011. http://www.autorenlexikon.lu/page/author/404/404/DEU/index.html [opgeruff de 4. Januar 2012].
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller
Referenzen an Notten
- ↑ ArWa, 2011. Festakt zu Ehren von Tit Schroeder. Büste auf der "Place Tit Schroeder" in Useldingen enthüllt. Luxemburger Wort vum 5. Oktober 2011, S. 26.