peoplepill id: pol-michels
PM
7 views today
7 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Pol Michels, och Paul Michels, gebuer den 8. Dezember 1897 zu Hollerech, gestuerwen den 2. Mee 1956 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist an Auteur.

No senge Sekondärsstudien, déi hie vun 1910 bis 1916 am Kolléisch an der Stad Lëtzebuerg gemaach huet, huet hie vun 1917 bis 1924 Literatur an Droit op den Universitéite vu Berlin, München, Paräis an Nanzeg studéiert.

Vun 1926 bis 1927 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

An der Magistratur huet hie folgend Nominatioune krut:

  • 1928: stellvertriedene Riichter um Friddensgeriicht zu Lëtzebuerg.
  • 1929: Friddensriichter zu Esch-Uelzecht. (Krut méi spéit am Joer de Rang vum Riichter vum Bezierksgeriicht zougesprach.)
  • 1934: Friddensriichter vum Kanton Lëtzebuerg.
  • 1935: Riichter vum Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.
  • 1938: Riichtercommissaire fir Kollokatiounsverfahren um Bezierksgeriicht Lëtzebuerg.
  • 1940: Friddensriichter vum Kanton Lëtzebuerg.

Am Zweete Weltkrich, wéi Lëtzebuerg ënner daïtscher Besatzung war, huet hie weider als Riichter geschafft. Wéinst senger Däitschfrëndlechkeet gouf him, no der Befreiung vu Lëtzebuerg, de Prozess gemaach. Hie gouf zu enger Geld- a Prisongsstrof veruerteelt, krut awer 1949 eng Begnodegung.

Nom Krich war hie Mataarbechter vun der satirescher Zeitung "De Peck-Villchen".

Bibliographie

  • 1928 Geschichten, Luxemburger Verlagsanstalt vum Dr. Robert Hausemer.
  • 1931 Panorama; Éd. Émile Marx.
  • 1938 Neue Geschichten, Virwuert vum Batty Weber; Éditions Tony Jungblut.
  • 1940 Letzeburger Leidd a Sachen.
  • 1941 Heimatgeschichten; Éditions Tony Jungblut; Impr. J. Beffort Luxemburg; 206 S.
  • 1956 Schwepps, Schliri, Kasch und Konsorten. Luxembuger Geschichtenbuch.
  • Choix de textes. 1917-1922; Textes présentés, annotés et commentés par Gast Mannes, Centre national de littérature, Mersch 2004, ISBN 2-919903-13-6

Literatur

  • Hilgert, Romain Heimatdichtung als Nazionalliteratur, d'Lëtzebuerger Land, 13. Dezember 2002
  • Thill, Robert Reine Blut- und Bodenliteratur? Replique um R. Hilgert säin Heimatdichtung als Nazionalliteratur, d'Lëtzebuerger Land, 21. Februar 2003
  • Goetzinger, Germaine, Gast Mannes & Frank Wilhelm: Pol Michels und Yvan Goll in: Kontakte-Kontexte. Deutsch-luxemburgische Literaturbegegnungen, Mersch 1999, S. 60-74. ISBN 2-919903-01-2
  • Mannes, Gast, 2007. Michels, Pol. S. 418-149, in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.

Referenzen

Bibliographie

  • 1928 Geschichten, Luxemburger Verlagsanstalt vum Dr. Robert Hausemer.
  • 1931 Panorama; Éd. Émile Marx.
  • 1938 Neue Geschichten, Virwuert vum Batty Weber; Éditions Tony Jungblut.
  • 1940 Letzeburger Leidd a Sachen.
  • 1941 Heimatgeschichten; Éditions Tony Jungblut; Impr. J. Beffort Luxemburg; 206 S.
  • 1956 Schwepps, Schliri, Kasch und Konsorten. Luxembuger Geschichtenbuch.
  • Choix de textes. 1917-1922; Textes présentés, annotés et commentés par Gast Mannes, Centre national de littérature, Mersch 2004, ISBN 2-919903-13-6

Um Spaweck

  • Interview a Virstellung vun Neue Geschichten an der A-Z Luxemburger Illustrierte, Nr 20, 15. Mee 1938 S. 16-17
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Pol Michels is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Pol Michels
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes