peoplepill id: pierre-berchem
PB
Luxembourg
2 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Male
Place of birth
Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Place of death
Crauthem, Roeser, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Age
89 years
The details (from wikipedia)

Biography

De Pierre Berchem, gebuer de 16. Dezember 1929 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 1. Mee 2019 zu Krautem, war e lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.

Hie koum aus enger Kënschtlerfamill, säi Papp de Leo Berchem war Schrëftsteller a Folklorist, säi Grousspapp den Antoine Jans, e bekannte Parzeläinsmoler.

Säi Secondaire hat hien an der Handwierkerschoul zu Lëtzebuerg gemaach, wou hie beim Professer Jean-Pierre Calteux Molerei geléiert huet. Duerno goung hien op d'Académie des Beaux Arts vu Léck, wou hie beim Professer Marceau Gillard Skulptur studéiert huet. Hien huet och zu Paräis am Atelier vum André Del Debbio geschafft.

Wierker

  • Relief am Stee vum Monument aux morts zu Clausen (1950)
  • Relief am Stee vum Monuments aux morts am Neiduerf (1952)
  • Pietà am Stee vum Monument aux morts bei der Kierch um Lampertsbierg (1954)
  • Relief am Stee vum Monument aux morts zu Gaasperech (1956)
  • Relief am Stee vum Monument aux morts zu Bëttel (1959)
  • Medaillon vum Laurent Menager
  • Medaillon vum Batty Weber op der Batty-Weber-Stèle zu Rëmeleng
  • Medaillon vum Nik Welter

Senger Wierker fënnt een am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht zu Lëtzebuerg.

Ausstellungen

  • Lëtzebuerg
  • München
  • Paräis

Literatur

  • Berchem, P., Pierre Berchem - sculptures - dessins - peintures. Luxembourg: Saint-Paul, 2009 ISBN 978-2-87996-612-0

Quell

  • Anthologie des Arts au Luxembourg, Éditions Borschette, 1992
  • Henri Hanlet in Revue 19-05-1973

Referenzen

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 21. Mee 2019
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Pierre Berchem is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Pierre Berchem
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes