peoplepill id: paul-wigreux
PW
Luxembourg
2 views today
3 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Paul Wigreux, gebuer den 29. Abrëll 1880 an der Stad Lëtzebuerg an och do gestuerwen den 23. Mee 1960, war e lëtzebuergeschen Architekt a Moler.

No senger Schoul am Kolléisch, ass en op Urode vu sengem Zeecheprofesser, dem Michel Engels, op München an duerno op Stuttgart weider léiere gaangen. Säin Diplom fir Ingenieur-Architekt krut hien 1909 zu Darmstadt.
Ier hie sech selbstänneg gemaach huet, huet hien e Stage am Architektebüro vum Jean-Pierre Koenig gemaach. 1913 ass en Architekt vun der Stad Esch genannt ginn an ass do bliwwe bis 1921.

Hie war vun 1937-1939 President vum Cercle Artistique de Luxembourg a krut 1910 de Prix Grand-Duc Adolphe.

De Wigreux war den Nofollger vum Sosthène Weis als Staatsarchitekt.

Architektonescht Wierk

  • d'Ackerbauschoul zu Ettelbréck (1932)
  • d'Primärschoul Dellhéicht zu Esch-Uelzecht (1916)
  • de Staatsmusée um Fëschmaart
  • d'Vergréisserung vum Seminaire um Lampertsbierg
  • d'Ännerungen un der Abtei zu Iechternach, fir doran de "Lycée classique" mat sengem Internat dran z'installéieren
  • den Ëmbau vun de Kasäre vum Vauban vu 1685, fir an deenen den "Hospice du Rham" anzeriichten
  • Restauratioun vun der Kierch Käerch
  • Restauratioun vun der Kierch Jonglënster
  • Restauratioun vun der Kierch Eppelduerf
  • Conservatiounsaarbechten un de Buergen zu Veianen, Buerschent, Esch-Sauer an zu Branebuerg

Literatur

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 171

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Paul Wigreux is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Paul Wigreux
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes