Patrick Meyer
Quick Facts
Biography
De Patrick Meyer, gebuer den 29. Januar 1972 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Sculpteur an Architekt. Hien ass Grënnungsmember vum Kënschtlerkollektiv Sixthfloor an huet säin Atelier op der Neimillen zu Käerch.
Nodeems hien am Lycée technique des arts et métiers um Lampertsbierg seng Schoul gemaach hat, huet hie säin Architekturstudium zu Wien absolvéiert (Dipl.-Ing. Architekt).
De Patrick Meyer schaff virun allem am Steen (ë. a. Alabaster a Specksteen) a mat Calquepabeier (Konschtwierker déi hie flat volumes nennt), a vereenegt dodra seng Passioun fir Konscht an Architektur..
Seng Architektur ass vum Motto "form follows function" markéiert, iwwerdeems seng Konscht vun organesche Formen bestëmmt gëtt.
Haaptberufflech ass de Patrick Meyer Chefdesigner an Direkter vun engem Architektebureau.
Ausstellungen
Joer | Numm vun der Ausstellung |
---|---|
2000-2001 | « Sculpture Monumentale Deep White » (zesummen mat: Tom Flick), Esch/Alzette (L) |
2001 | « Peintures et sculptures » (zesummen mat: Tom Flick & Joachim van der Vlugt), Centre A Spiren, Strassen (L) |
2002 | Eröffnung Ateliers Sixthfloor, Neimillen, Koerich (L) |
2003 | Galerie BC2, Bettembourg (L) |
2003 | « Peintures et sculptures » (zesummen mat: Joachim van der Vlugt), Galerie de Luxembourg (L) |
2004 | Galerie Recto Verso, Rodange (L) |
2004 | Ausstellung SIXTHFLOOR, Neimillen, Koerich (L) |
2012 | Garage Muzzolini, Charity Ausstellung fir den Rotary Club (L) |
2016 | « End of Year », Ateliers Sixthfloor, Koerich (L) |
2017 | « Luxembourg Art Week », Ateliers Sixthfloor, Limpertsberg (L) |
2017 | « End of Year», Ateliers Sixthfloor, Koerich (L) |
2018 | Cercle Munster (L) |
2018 | « Luxembourg Art Week », Ateliers Sixthfloor, Limpertsberg (L) |
2018 | « End of Year », Ateliers Sixthfloor, Koerich (L) |
2021 | « Track 04 » [GSK Stockmann], Ateliers Sixthfloor, Kirchberg (L) |
Literatur
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Referenzen
- ↑ [1]
- ↑ Belvedere Architecture S.A., gekuckt 04.01.2021.