Nicole Castan
Quick Facts
Biography
D'Nicole Castan (Kënschtlernumm vun der Nicole Castanet), gebuer den 29. Mäerz 1939 zu Vanves (Hauts-de-Seine), ass eng franséisch Kënschtlerin, déi zu Lëtzebuerg lieft.
D'Plazen, wou d'Nicole Castan hir Ausbildung krut, waren: d’École supérieure des arts appliqués Duperré, d’École nationale des Beaux-Arts de Paris, d’Académie de la Grande Chaumière.
Als jonk Molerin huet si un enger Rei vu Gruppenaustellungen zu Paräis deelgeholl: Salon d’Automne, Salon des Indépendants, Salon de la Jeune Peinture, Salon de Montrouge. Parallel dozou huet d'Nicole Castan Maquette fir Nobilis gemaach a Biller a Konschtobjete restauréiert.
1975 hat d'Nicole Castan hir éischt eegen Ausstellungen: an der Galerie Chardin zu Paräis an zu Mantes-la-Jolie. Hir éischt Ausstellung zu Lëtzebuerg war 1981 an der fréierer Abtei zu Iechternach. Zanter 1982 wunnt si och zu Iechternach, wou si am Juni 1988 eng eege Galerie, d’Galerie Castan um "Zockerbeerch", opgemaach huet. Nieft villen auslänneschen hunn och vill Lëtzebuerger Kënschtler do ausgestallt, dorënner Leit wéi: Roger Bertemes, François Gillen, Alphonse Hutsch, Émile Kirscht, Guy Michels, Renée Oberlinkels, Pit Nicolas, Bettina Scholl-Sabbatini, Ed. Thibold, Nico Thurm.
D'Meenung vun engem Konschtkritiker
De lëtzebuergesche Konschtkritiker Rich Audry huet 1992 déi heiten Appreciatioun iwwer dem Nicole Castan seng deemoleg Aarbechte ginn:
Literatur
- Weffling, M.: Art & Culture Echternach présente: Nicole Castan, une artiste peintre et sa galerie. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1994, Echternach 1995, S. 211-214.
- Linster, L.: Der Phare stellt vor: Ausländische Künstler in Luxemburg. Heute: Nicole Castan, Malerin und Galeristin. Tageblatt 1994, Nr. 47 (26./27. Februar), S. 17.
Referenzen
- ↑ Rich Audry, 1992. Galerie Castan. Des œuvres qui se compensent. Salon d'hiver 1992. Tageblatt 1992-12-31, S. 11.