Max Lambert
Quick Facts
Biography
De Max (Carl Léopold Maximilian) Lambert, gebuer de 24. Mee 1888 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 29. Abrëll 1957, war e lëtzebuergesche Banquier.
Bankdirekter
De Max Lambert war Gerant vun der Banque Werling, Lambert & Cie a Member vum Verwaltungsrot vun der Société luxembourgeoise de crédit et de dépôts, successeurs de Werling, Lambert & Cie banque.
Hie war Direkter vun der BIL, Member vun der Direktioun vun 1932 bis 1957, Member vum Verwaltungsrot vun 1940 bis 1957 a President vum Verwaltungsrot vun 1952 bis 1957.
Member vu Verwaltungsréit
De Max Lambert war vun Ufank u Member a spéider President vum Verwaltungsrot vun der Société anonyme Caves Jean Bernard-Massard, déi 1921 gegrënnt gouf.
Am Oktober 1922 war Max Lambert ee vun de Grënner vun der Assurancëgesellschaft Le Foyer, wou hie vun 1922 bis 1957 Vizepresident vum Verwaltungsrot a vum Direktiounscomité war
D'Famill
De Max Lambert war de Jong vum Bankdirekter Auguste Lambert (1853-1905) an der Marie Thécle Laure Dumont (1855-). Hien huet sech den 10. Abrëll 1913 an der Stad mat der Bertha Antoinette Françoise Heldenstein, 1890 zu Colmer gebuer, der Duechter vum Stater Geschäftsmann Henri Heldenstein an der Hélène Settegast, bestuet. D'Koppel krut zwee Kanner, de Marc Lambert (1914) an d'Christiane Josette Hélène (1921), déi sech spéider mam André Clasen bestuet huet.
Gielercher
- Commandeur vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau
- Officier vum Ordre de la couronne de chêne
- Commandeur vum Ordre de la Couronne
- Officier vun der Légion d'honneur
- Officier vum Ordre de Léopold