peoplepill id: marcel-heuertz
MH
5 views today
5 views this week
Marcel Heuertz

Marcel Heuertz

The basics

Quick Facts

Marcel Heuertz
The details (from wikipedia)

Biography

De Marcel Heuertz, gebuer de 26. Juli 1904 zu Iechternach a gestuerwen de 24. Juni 1981 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Naturfuerscher.

No senger Première am Athenäum huet hie fir d'éischt Medezin, dunn Droit, an duerno Naturwëssenschafte studéiert, an deenen en 1932 en Doktorat gemaach huet. Hie war Enseignant am Athenäum, am Stater Jongelycée an um Cours supérieur. Mä säin Haaptinteressi waren d'Naturwëssenschaften an den Naturmusée. Seng pedagogesch These war doriwwer, wéi een dem Musée seng Kollektioun besser presentéiere kéint. Hie war, no etleche Stagen do, Assistant conservateur, duerno Conservateur ff. a schlussendlech Conservateur. 1964 gouf en, bis zu senger Pensioun 1969, Direkter vun de Staatsmuséeën.

Nieft der Moderniséierung vun der Ariichtung, den Aufgaben an der Ausstellung vum Musée huet säin Intressi der Fuerschung gegollt. Dëst war breet gefächert a goung vun archeologeschen an anthropologeschen Themen iwwer Naturschutz, Fuerschung a Bildung, Zoologie, Geologie, Geophysik a Geomorphologie bis zu der Botanik an der Biomorphologie.

Hie war zanter 1933 Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois an tëscht 1955 an 1962 hire President. Hie war och ë. a. zanter 1971 Vizepresident vun der Wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal

De Marcel Heuertz war de Fils vum Félix Heuertz, deen och Naturwëssenschaftler war. Hie war bestuet an hat 3 Duechteren.

Publikatiounen

  • Documents Préhistoriques du Territoire Luxembourgeois. Le milieu naturel l'homme et son œuvre. Fascicule I; Publications du Musée d'Histoire Naturelle et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois; Impr. Coopérative Luxembourgeoise, Esch-Uelzecht, 1969, 292 S.
  • Edmond Joseph Klein; in Biographie nationale, Fascicule XXI, Dezember 1974, S. 82-91 luxemburgensia.bnl.lu

Gielchen

  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1954)

    Literatur

    • Reichling, Léopold, 1985. In memoriam Marcel Heuertz 1904-1981. Bull. Soc. Nat. luxemb. 85 : 3-6. [1]
    • Reichling, Léopold, 1987. Marcel Heuertz (1904-1981). Archs Inst. g.-d. Luxemb., Sect. Sci. nat. math phys., N.S., 40 (1981-1984): 23-32.

    Kuckt och

    • Lëtzebuergesch Biologen
    • Lëtzebuergesch Zoologen
    • Société des naturalistes luxembourgeois
    • Société préhistorique luxembourgeoise

    Referenzen

    Publikatiounen

    • Documents Préhistoriques du Territoire Luxembourgeois. Le milieu naturel l'homme et son œuvre. Fascicule I; Publications du Musée d'Histoire Naturelle et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois; Impr. Coopérative Luxembourgeoise, Esch-Uelzecht, 1969, 292 S.
    • Edmond Joseph Klein; in Biographie nationale, Fascicule XXI, Dezember 1974, S. 82-91 luxemburgensia.bnl.lu
    The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
    Lists
    Marcel Heuertz is in following lists
    comments so far.
    Comments
    From our partners
    Sponsored
    Marcel Heuertz
    arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes