peoplepill id: lou-hemmer
LH
2 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Louis ("Lou") Hemmer, gebuer den 1. Dezember 1904 an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 23. Mee 1987, war e lëtzebuergesche Pilot a Pionéier vun der lëtzebuergescher Aviatioun. Säi ganzt Liewen huet hie sech fir de Bau vun engem Fluchhafen zu Lëtzebuerg agesat.

Vun 1923 bis 1926 war hie belsche Militärpilot a war duerno als Serjant bei der Reserve. 1926 gouf hie "Champion de Belgique des Aviateurs Militaires de Réserve", a krut vum belsche Kinnek Albert I. d'Coupe du Roi iwwerreecht. 1928 huet hien zu Bréissel de "Brevet de transport public", an 1932 zu Paräis de Brevet als Fluchinstrukter gemaach. Hie war spéider drësseg Joer laang de Chefinstrukter vum "Aéro-Club du Grand-Duché de Luxembourg".

De 17. Juni 1928 ass hien um vun him organiséierte Walfer Fluchmeeting, op de Steseler Wisen, viru méi wéi 40.000 Zuschauer, mat sengem Doppeldecker mat véier Sëtzer vum belsche Fligerkonstrukter R.S.V. geflunn. Do sinn och eng Rei vu Komeroden opgetratt a säi Fliger gouf bei där Geleeënheet a Presenz vun der grossherzoglecher Famill op den Numm Prince Jean gedeeft. Duerno goufen ëm déi 100.000 landschaftlech Vue mat der Stampe opgeholl an als Postkaarte verkaf. De Lou ass vu Fluchfest zu Fluchfest geflunn, an zu Lëtzebuerg gouf et bal kee Sonndeg wou net irgendwou e Meeting war, well seng Fluchmaschinn konnt bal vu jiddem Rommelstéck fortfléien a landen. Hie krut och Reklammsverträg vu private Firmae fir Fluchblieder aus dem Fliger ze werfen a mat faarwegem Auspuffdampp um Himmel Reklammsloganen ze molen.
1934 huet hien eng Fokker D-7, eng Occasioun, op enger Stee zu Bréissel kaaft, mat där hie Loftpost transportéiert huet. Bei der däitscher Besatzung 1940 goufen all seng Fliger, déi um Findel stoungen, confisquéiert.
Nom Krich huet de Lou sech erëm direkt an d'Fligerei gestierzt an nei Fligere kaf, obschonn d'Begeeschterung fir d'Fluchfester beim Publikum ofgeholl hat. Beim Plangen a beim Bau vum Stauséi Uewersauer a dem Pompelspäicherwierk Veianen gouf hie verflicht fir mam Philippe Schneider Loftopname vun de Siten ze maachen. Bei dësen Aarbechte koum et zu engem Accident, wéi déi zwee mat engem frieme Fliger wollten Opname maachen. De Fliger ass aus enger Héicht vu véierhonnert Meter an e Bam gefall. Glécklecherweis blouf et bei nëmme liichte Blessuren, an enger kapotter Kamera.

  • 1952 war hie Grënnungsmember vun der Union des Pilotes de l'Aviation Luxembourgeoise
  • 1955 war hien den é!schte Lëtzebuerger, deen den Diplome Paul Tissandier vun der Fédération Aéronautique Internationale (FAI) krut
  • 1979 huet hien d'Amicale vun de fréiere Pilote Vieilles tiges gegrënnt.

Am Ufank huet hien zu Ëlwen gewunnt, duerno zu Walfer, wou en e Bistrot mat Restaurant (Hotel du Château) hat. Do hat hien och am Gaart säi Fliger als Ausstellungsstéck montéiert.

Zu Munneref an um Findel dréit eng Strooss säin Numm.

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 170
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Lou Hemmer is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Lou Hemmer
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes