peoplepill id: julot-faber
JF
2 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Julot Faber, gebuer 1928, gestuerwen den 10. Januar 2011, war e lëtzebuergesche Museker, Promoteur vum Lëtzebuerger Folklore, Alpinist a Fotograf.

Liewen

De fréiere Steierbeamte Julot Faber huet sech ë. a. a follgende Veräiner an Initiative staark engagéiert:

  • Initiator, Danzmeeschter, Musikant a laangjährege President vum Stater Folklorgrupp "Uucht – La veillée";
  • Matgrënner vum Orchester Luxembourg Philharmonie;
  • Matgrënner vum Groupe alpin luxembourgeois, mat deem hien 1961 un enger belscher Expeditioun a Grönland deelgeholl hat;
  • d'Chéier Orphéon municipal a Chorale Sainte-Cécile Lampertsbierg;
  • Union des sociétés de chant;
  • d'Lëtzebuerger Jugendherbergen.

De Julot Faber war bestuet a Papp vun dräi Kanner.

CD

  • Uucht – La veillée, 1998. Lëtzebuerger Volleksdänz. CD, ~33 Min. [Chris Birch, Gei; Julot Faber, alto; Cary Greisch, Gittar, Kontrabass, Tountechnik; Jos Schulté, Klarinett; Néckel Schulté, Kontrabass.]

Literatur

  • Als, Georges, 2011a. Äddi, Julot Faber (1928-2011). Luxemburger Wort Nr. 32 (7. Februar), S. 52.
  • Als, Georges, 2011b. Äddi, Julot Faber (1928-2011): un homme-orchestre. Lëtzebuerger Journal Nr. 27 (9. Februar), S. 23.
  • Als, Georges, 2011c. Un homme-orchestre: Äddi, Julot Faber (1928-2011). Tageblatt Nr. 36 (12./13. Februar), S. 12.
  • Faber, Julot, 1984. Mäi Liewen mat den Ajisten a beim Groupe Alpin. In: Mir zéien iwer d'Stroossen. Centrale des Auberges de jeunesse luxembourgeoises. Luxembourg. pp. 140–141.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Nieft dem Gesank huet de Julot Faber follgend Instrumenter gespillt: Gei, Alto a Flütt.
  2. Quellen: d'Sendung vum Carlo Link "Erlieft a Verzielt" vum Sonndeg, 8. Februar 2009 (9h30, Rediffusioun 19h00); Als 2011c an der Literatur.
  3. Inhalt vun der CD: Maclotte vun Habiemont • Éislécker (Valse ardennaise) • Eifeler Maclotte • Minnewee • Pick Polka • Karschnatz • Schottesch Näip • Konterdanz (Contredanse de Bastogne) • Härendanz • Siwespronk • Baaschtnécher (Valse de Bastogne) • Ronde Lorraine • Sonndesdanz • Chiberli
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Julot Faber is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Julot Faber
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes