peoplepill id: joseph-salentiny
JS
2 views today
2 views this week
Joseph Salentiny

Joseph Salentiny

The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Joseph (Jos) Salentiny, gebuer den 22. September 1950 zu Ettelbréck, ass e lëtzebuergesche Biologiesprofesser an Direkter vum Kolléisch.

Biographie

Studien

De Joseph Salentiny goung zu Uerschdref an zu Réiden un der Atert an d'Primärschoul. Vun 1963 bis 1970 huet hie seng Secondairesstudien am Stater Kolléisch absolvéiert. Am Schouljoer 1970-1971 huet de Joseph Salentiny op de Cours supérieurs an der Stad Chimie a Biologie studéiert fir duerno zu Stroossbuerg weider ze studéieren. 1974 huet hie seng maîtrise de biologie animale op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg kritt. Vun 1974 bis 1977 huet de Joseph Salentiny säi pedagogesche Stage am Kolléisch gemaach a mat der Mentioun "très bien" ofgeschloss.

Berufflech Erfarung

No dem Stage kënnt hien an de Collège d'Enseignement Moyen de Luxembourg, wou hien dann 1978 eng Nominatioun als Professer kritt. Hie bleift do ugestallt, wéi 1979 aus der Mëttelschoul de Lycée Technique Michel Lucius gëtt. 1980 kritt hien eng Mutatioun an de Stater Kolléisch.

Vun 1978 bis 1998 schafft de Jos Salentiny och als Formateur am Kader vum pedagogesche Stage. Zanter 1998 ass hien Coordinateur de discipline fir de Beräich Biologie an ass souwuel als Formateur wéi och als Tuteur aktiv. Zanter 1990 ass hien och Member vum Jury fir de Concours de recrutement vun de Biologiesprofesseren, d'éischt als Sekretär, duerno als President vum Jury. 1999 ass am Kolléisch e Projet d'Etablissement lancéiert ginn, bei deem de Jos Salentiny vun Ufanks un als dreiwend Kraaft dobäi war. 2004 ass dee Projet ofgeschloss ginn. 2004 ass hie Member vum Jury vun der commission d'homologation ginn; datselwecht Joer gouf hien och 'Direkter adjoint' vum Kolléisch. 2007 huet hie säi Virgänger, den Émile Haag, als Direkter ofgeléist. Hien ass och den Initiator vun den AnnALes a gläichzäiteg President vum Redaktiounscomité.

Tëschent 2012 an Enn Dezember 2016 war de Jos Salentiny voll mat der Renovatioun a Moderniséierung vum Kolléisch an de Märeler Wise beschäftegt.

Aarbechten (net publizéiert)

  • Salentiny, J. (1976), Les Lymnaeidae du Grand-Duché de Luxembourg, Mémoire scientifique, 125 S.
  • Salentiny, J. (1976), Das Fernsehen im Biologieunterricht: Vorschläge zur Verwendung von Fernsehsendungen über die Vererbungslehre im Biologieunterricht der Oberstufe.
  • Salentiny, J. & G. Weirich (2006), Rapport et évaluation interne du projet d'établissement III , 2 volumes [1]

    Publikatiounen

    • Salentiny, J. (1986), Les Lymnaeidae du Grand-Duché de Luxembourg, Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 86, S. 5-57. [1]
    • Salentiny, J. (1983), Die Pfarrkirche in Mamer. In: 100e anniversaire de la Chorale Sainte-Cécile Mamer. Luxembourg, S. 91-104.
    • Salentiny, J. (2003), Les innovations pédagogiques récentes. In: 400 Joer Kolléisch, Bd. III: L'Athénée aujourd'hui et demain. Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, S. 47-53.
    • Salentiny, J. (2012), Hommage au biologiste Jules Hoffmann, prix Nobel 2011 [de médecine] et membre de l'Académie française depuis 2012 ; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch, Bd. 5 (2011/12), Lëtzebuerg, September 2012; Ss. 370-377.

    Gielercher

    • Grand-Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 2010)

    Referenzen

    Biographie

    Studien

    De Joseph Salentiny goung zu Uerschdref an zu Réiden un der Atert an d'Primärschoul. Vun 1963 bis 1970 huet hie seng Secondairesstudien am Stater Kolléisch absolvéiert. Am Schouljoer 1970-1971 huet de Joseph Salentiny op de Cours supérieurs an der Stad Chimie a Biologie studéiert fir duerno zu Stroossbuerg weider ze studéieren. 1974 huet hie seng maîtrise de biologie animale op der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg kritt. Vun 1974 bis 1977 huet de Joseph Salentiny säi pedagogesche Stage am Kolléisch gemaach a mat der Mentioun "très bien" ofgeschloss.

    Berufflech Erfarung

    No dem Stage kënnt hien an de Collège d'Enseignement Moyen de Luxembourg, wou hien dann 1978 eng Nominatioun als Professer kritt. Hie bleift do ugestallt, wéi 1979 aus der Mëttelschoul de Lycée Technique Michel Lucius gëtt. 1980 kritt hien eng Mutatioun an de Stater Kolléisch.

    Vun 1978 bis 1998 schafft de Jos Salentiny och als Formateur am Kader vum pedagogesche Stage. Zanter 1998 ass hien Coordinateur de discipline fir de Beräich Biologie an ass souwuel als Formateur wéi och als Tuteur aktiv. Zanter 1990 ass hien och Member vum Jury fir de Concours de recrutement vun de Biologiesprofesseren, d'éischt als Sekretär, duerno als President vum Jury. 1999 ass am Kolléisch e Projet d'Etablissement lancéiert ginn, bei deem de Jos Salentiny vun Ufanks un als dreiwend Kraaft dobäi war. 2004 ass dee Projet ofgeschloss ginn. 2004 ass hie Member vum Jury vun der commission d'homologation ginn; datselwecht Joer gouf hien och 'Direkter adjoint' vum Kolléisch. 2007 huet hie säi Virgänger, den Émile Haag, als Direkter ofgeléist. Hien ass och den Initiator vun den AnnALes a gläichzäiteg President vum Redaktiounscomité.

    Tëschent 2012 an Enn Dezember 2016 war de Jos Salentiny voll mat der Renovatioun a Moderniséierung vum Kolléisch an de Märeler Wise beschäftegt.

    The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
    Lists
    Joseph Salentiny is in following lists
    comments so far.
    Comments
    From our partners
    Sponsored
    Joseph Salentiny
    arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes