Jeannot Waringo
Quick Facts
Biography
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jeannot Waringo, gebuer den 11. Juli 1952 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a fréiere Staatsbeamten am Finanzministère, wou en Direkter vun der Inspection générale des finances war.
De Jeannot Waringo ass bzw. war do donieft President vum Verwaltungsrot vun der CFL, vu Lux-Development an och Member vun de Verwaltungsréit vun ë. a. ArcelorMittal Luxembourg, dem Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, dem Mudam, der SEO, dem Lux-Airport an dem Fonds du logement.
Ausserdeem ass hie President vun der Asbl Musek am Syrdall.
Tëscht Juni 2019 a Januar 2020 huet hien am Optrag vun der Regierung eng Analys vun der Personalpolitik um Groussherzoglechen Haff gemaach.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Waringo Rapport
Gielercher
- Grand Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2012)