peoplepill id: jean-goedert-1
JG
Luxembourg
2 views today
3 views this week
Jean Goedert
Luxembourgish doctor and politician

Jean Goedert

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish doctor and politician
Gender
Male
Place of birth
Consdorf, Canton of Echternach, Luxembourg
Place of death
Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Age
93 years
The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Medezinner a Politiker Jean Goedert. Fir aner Leit, déi sou heeschen, kuckt wgl. Jean Goedert.

De Jean (genannt Jängi) Goedert, gebuer den 23. Januar 1926 zu Konsdref a gestuerwen de 4. Abrëll 2019 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Urolog an CSV-Politiker.

Seng Formatioun

  • 1932-1939: Primärschoul zu Konsdref,
  • 1939-1946: Iechternacher Kolléisch (mat Ënnerbriechung wéinst dem Krich),
  • 1946-1947: Cours supérieurs zu Lëtzebuerg,
  • 1947-1954: Medezinsstudien zu Stroossbuerg a Paräis,
  • 1954-1958: Spezialisatioun an der Chirurgie an an der Urologie zu Bonn an zu Homburg (Saar).

Seng Carrière

  • Berufflech
    • Urolog an der Elisabetherinnen-Klinik zu Lëtzebuerg,
    • Medezineschen Direkter vun der Elisabetherinnen-Klinik.

Den Dokter Goedert war staark beim Bau vum Centre hospitalier engagéiert an huet gehollef de SAMU-Déngscht fir d'Stad Lëtzebuerg an d'Häerzchirurgie an der Elisabetherinnen-Klinik opzebauen.

  • Politesch
    • 1964-1978: Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg,
    • 1978-1999: Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, zoustänneg fir den Urbanismus an de soziale Wunnengsbau,
    • 1979-1989: Deputéierten (zanterhier Éierendeputéierten),
    • 1995-1999: Vizepresident a President vun der EuRegio SaarLorLux.

De Jean Goedert huet vill derzou bäigedroe fir d'Quartiere Pafendall a Gronn ze restauréieren an nees opzebauen a fir d'Foussgängerzon an der Uewerstad anzeféieren.

  • Aner Funktiounen
    • 1966-1991: President, duerno Éierepresident vum Sang & Klang Pafendall,
    • 1968-2004: President vum fréiere Syndicat d'initiative et de tourisme vu Lëtzebuerg, dem haitege Luxembourg City Tourist Office (LCTO),
    • 1973-2018 Member vum Verwaltungsrot an 1978-2009 President vun der Ligue médico-sociale (virdrun: Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose),
    • 1964-??: President vun der Chorale: Le Madrigal de Luxembourg (duerno Éierepresident),
    • Member vum Verwaltungsrot vun der Action LIONS Vaincre le Cancer.

Gielercher

  • Grand-Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1996)
  • Héich Auszeechnungen vun der Belsch, Däitschland, Holland, Portugal a Spuenien

Referenzen

  1. Dr. Jean Goedert ist verstorben op wort.lu den 9. Abrëll 2019
  2. Dr. Jean Goedert verstorben. Luxemburger Wort vum 10. Abrëll 2019, S. 25
  3. Société royale grand-ducale Sang & Klang Pafendall 1857-2007. Editioun Sang a Klang Pafendall. Dréckerei Victor Buck, S. 28.
  4. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 13. Abrëll 2019
  5. Le Conseil d'Administration op ligue.lu, fir d'lescht gekuckt den 9. Abrëll 2019
  6. Le comité d'administration op madrigal.lu, fir d'lescht gekuckt den 9. Abrëll 2019
  7. Memorial B n° 50 vun 1996 mat der Lëscht vun de Leit déi 1996 eng national Auszeechnung kritt hunn
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Jean Goedert is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Jean Goedert
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes