Jasmine Braun
Quick Facts
Biography
D'Jasmine Braun, gebuer den 30. Dezember 1988 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin vu Jugendliteratur.
Hiert Liewen
Si huet um Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques vun der Universitéit Lëtzebuerg studéiert, nodeem si hir Première (A-Sektioun) am Lycée Robert-Schuman an der Stad um Lampertsbierg gemaach huet.
Hir Schrëftstellercarrière
Hir Wierker schreift si an däitscher Sprooch.
Hiert éischt Buch housch Wolfsspur (Verlag Op der Lay, 2006), e Roman, deen a Sibirien spillt. Dest huet si am Alter vun 17 Joer publizéiert huet. Et handelt sech dobäi ëm Jugendliteratur fir Kanner a Jugendlecher vun 12 Joer un. Ënner dem Titel Wolfsliebe - Tochter der Wildnis koum et 2011 an Däitschland an an Éisträich op de Maart. Et handelt sech dobäi ëm eng iwwerschaffte Versioun vu Wolfsspur.
2008 koum Zerissen (Op der Lay) eraus, an deem et ëm e Kand geet, dat viru sengem suesüchtege Papp fortlafe muss.
Hiert Wierk
- Wolfsspur, Op der Lay 536, 204 Säiten, 2006, 2. Oplo 2010. ISBN 2-87967-134-5.
- Zerrissen, Op der Lay 541, 288 Säiten, 2008. ISBN 978-2-87967-157-4.
- Wolfsliebe: Tochter der Wildnis, Bastei Lübbe (Baumhaus), 208 Säiten, 2011. ISBN 978-3-8339-0049-5.