peoplepill id: jack-mueller
JM
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Jack Müller
Luxembourger painter

Jack Müller

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourger painter
Work field
Gender
Male
Death
Age
74 years
The details (from wikipedia)

Biography

De Jacques ("Jack") Müller, gebuer den 23. Oktober 1881 zu Esch-Uelzecht an do och 1956 gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Erfinder, Entreprener a Moler.

Hien ass 1900 an d'Vereenegt Staaten ausgewandert, wou en ufanks daagsiwwer bei senger Sëschter op enger grousser Farm zu Wilson, Kansas, geschafft huet an owes gemoolt huet.

Hien huet an Owescourse Molerei geléiert a gouf Dekorateur. Bannent 10 Joer huet hie 27 Kierchen, ë. a. d'Kathedral vun Denver, Colorado, mat senge Molereien dekoréiert.

Den Jack Müller huet sech 1905 bestuet. fënnefmol ass en op Lëtzebuerg hannescht komm, wou en ë. a. a Privathaiser, der Escher Synagog an der Suessemer Parkierch Wandmolereie gemaach huet.

Dem Jack Müller säin Intressi huet awer och der Fligerei gegollt. Zu Salinas, Kansas, huet hien d'J. Muller's Aeronautic Enterprises gegrënnt. Hien huet ufanks mat Ballongen experimentéiert, duerno, vun 1909 un, mat Aeroplanen. Den 18. Juli 1910 huet hien zu Washington e Propeller ënner der Nummer 2048 patentéiere gelooss. Hien hat awer net genuch Kapital, fir säi wichtegste Projet, e motoriséierte Fliger, fäerdegbauen ze loossen, a sou huet hie seng Entreprise misse verkafen, just ier säi Fliger de Prairie Eagle fäerdeg war.

1914 war e mat senger Famill zoufälleg zu Esch, wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, soudatt se hu missen do bleiwen. Fir seng Famill z'ernieren, huet den Jack Müller am Buergronn eng Minière bedriwwen. Hien huet do och en Haus baue gelooss, d'Villa Blanche. Do an der Noperschaft huet hien e fossiliséierten Ichthyosaurier fonnt.

An de Joren duerno huet den Jack Müller eng Fabréck ënner dem Numm Industrie chromatogène gegrënnt, fir aus de Minettssteng Pigmenter ze gewannen. Och e Raschtschutzmëttel huet en erfonnt a patentéiere gelooss.

Hien huet bis nom Zweete Weltkrich a senger Grouf experimentéiert.

Literatur

  • De Biergmann 7. Jg., 26. 1. 1957.
  • Scuto, Denis: "Jack Müller et la hacienda du Bourgrund: 'Villa Blanche', rue Bourgronn, Esch-sur-Alzette." In: Tageblatt Nr. 204 (7. September 1995), S. 7.

Um Spaweck

Referenzen

  1. Patentnummer 17.332 vum 28. Februar 1930
  2. En anert Patent fir d'Äerzer z'entsanden huet d'Nummer 14930
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Jack Müller is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Jack Müller
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes