peoplepill id: henri-greisch
HG
Luxembourg
6 views today
6 views this week
Henri Greisch
Luxembourgish politician

Henri Greisch

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish politician
Work field
Gender
Male
Birth
The details (from wikipedia)

Biography

Den Henri Greisch, gebuer den 28. November 1802 zu Esch-Sauer an do gestuerwen den 13. Juli 1884, war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.

Den Deputéierten

Den Henri Greisch huet als Gierwer, Destillateur an Agronom zu Esch-Sauer gelieft. 1848 gouf hie Member vun der Constituante. Hie war Deputéierte vum Kanton Wolz an de Joren 1848-1854, 1856 an 1857-1866.

Hie war Kandidat fir d'Wale vun 1872, wou hie vu senge Supporteren als onofhängege Kandidat, dee fir den Akerbau antrëtt, duergestallt ginn ass, gouf awer net gewielt.

Den Henri Greisch, deen anti-orangistesch war, ass de Vugel Greif aus dem Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848).

Hie war ee vun deenen Deputéierten, déi 1848 Lëtzebuergesch an der Chamber geschwat hunn.

De Buergermeeschter

Den Henri Greisch war Buergermeeschter vun Esch-Sauer vun 1843-1851, vun 1860-1866 a vun 1879-1883. De Bau vum Stroossentunnel (1850) fir an Esch-Sauer eran a vun der “neier“ Bréck bei Esch-Sauer sinn him ze verdanken.

De Vertrieder vum Handel

De Greisch war Member vun derChambre de commerce, wou hien de “commerce en général“ vertrueden huet.

Referenzen

  1. Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 32.
  2. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 516.
  3. Luxemburger Wort 1872, Nr. 130 (4. Juni); S. 1 (An die Herrn Wähler des Cantons Wiltz). [1]
  4. Luxemburger Wort 1872, Nr. 134 (8. Juni), S. 2 (An die Wähler des Cantons Wiltz). [2]
  5. Luxemburger Wort 1872, Nr. 137 (12. Juni), S. 1 (Resultat der Wahlen)
  6. Goetzinger G. et al., 2009. Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891: Ausstellung und Katalog. Centre national de littérature, Mersch, 57-58.
  7. Dichter und Bauer. Luxemburger Wort 1944, Nr. 88/89, (9. Dezember), S. 3. [3]
    Kuckt och: Luxemburger Wort 1948, Nr. 86 (7. Dezember), S. 1. [4]; Luxemburger Wort 1848, Nr. 70 (15. Oktober), S. 1 (Verhandlungen der Kammer: Sitzung vum 12. Oct.) [5] — Nieft dem Greisch huet an där Sitzung och den Nicolas Spanier im vaterländischen Dialekte geschwat.
  8. Arrêté royal grand-ducal, du 29 décembre 1843, portant nomination des Bourgmestres et Échevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1844, S. 20. [6]
    Arrêté royal grand-ducal accordant au sieur Greisch démission honorable de ses fonctions de bourgmestre d'Esch-sur-la-Sûre. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1851, S. 880. [7]
  9. Avis. Démission et nomination de bourgmestres. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1866, seconde partie, S. 21-22. [8].
    Kuckt och: Luxemburger Wort 1866, Nr. 28 (2. Februar), S. 2 (Demissioun). [9]
  10. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1879, S. 1 (Nominatioun). [10]
    Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1883, S. 297 (Demissioun). [11]
  11. Arrêté royal grand-ducal du 8 janvier 1854, portant nomination de membres de la Chambre de commerce. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1854, S. 90-92. [12]
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Henri Greisch is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Henri Greisch
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes