peoplepill id: gustave-jacquemart
GJ
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Gustave Jacquemart
Luxembourgish politician

Gustave Jacquemart

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish politician
Work field
Gender
Male
Place of birth
Forrières, Nassogne, Arrondissement of Marche-en-Famenne, Belgium
Age
67 years
Family
The details (from wikipedia)

Biography

De Gustave "Gust" Jacquemart, gebuer den 13. August 1882 zu Forrières an der Belsch a gestuerwen de 4. Abrëll 1950, war e Lëtzebuerger Sportspionéier a Politiker.

De Gust Jacquemart, Jong vun engem Marbersschläifer, gouf bekannt duerch säin Engagement fir de Sport zu Lëtzebuerg. Hien huet sech fir d'Turnen, de Vëlossport, d'Fechten, besonnesch awer de Foussball, agesat. Duerch hie gouf déi éischt Lëtzebuerger Sportsfederatioun, d'Fédération des sociétés luxembourgeoises de sports athléthiques gegrënnt, an där all Zorte vu Sport vertruede waren ier déi eenzel Sportaarten hir eege Federatioune kruten. Hien huet den Turnverband mat gegrënnt an nom Éischte Weltkrich d'Foussball-Federatioun mat opgebaut.

Hie stoung mat un der Spëtzt vu ville Sportsorganisatiounen, sou war hien z. B.:

  • President vum Comité olympique et sportif luxembourgeois (1925 - 1950)
  • President vun der Fédération luxembourgeoise de football (1921 - 1950)
  • President vum Cercle Grand-Ducal d'Escrime Luxembourg
  • President vun der Association des Gymnastes du Centre

Hie war och den Trainer vun der Lëtzebuerger Foussballnationalekipp bei den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam.

An der Politik huet hie seng Carrière 1915 als Conseiller am Hollerecher Gemengerot ugefaangen, an ass 1921, wéi Hollerech un d'Stad Lëtzebuerg ugeschloss gouf, liberale Schäffe vun der Stad ginn. Am Zweete Weltkrich huet hie 4 Joer am KZ leide missen, duerno gouf en Deputéierten a Vizepresident an der Chamber.

Hie war mat der Joséphine Jaans bestuet.

Gielercher

  • Commandeur vum Ordre d'Adolphe de Nassau
  • Officier vum Ordre de la couronne de chêne
  • Officier vun der franséischer Légion d'honneur
  • Officier vum Ordre de Léopold I
  • Officier vum Ordre de la Couronne de Belgique
  • Officier vum Ordre de Léopold II
  • Officier vum Ordre d'Orange-Nassau

No him benannt

Nom Gustave Jacquemart ass eng Strooss um Verluerekascht benannt. De boulevard Gustave Jacquemart verleeft vum boulevard de la Fraternité bis an d'rue Émile Mayrisch.

Referenzen an Notten

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Gustave Jacquemart is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Gustave Jacquemart
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes