Édouard Wolff
Quick Facts
Biography
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Riichter Édouard Wolff. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Édouard Wolff. |
De Jean Édouard Wolff, gebuer den 1. Abrëll 1851 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. Juni 1938, war e lëtzebuergesche Riichter.
De Magistrat
Den 18. Juli 1883 ass den Ed. Wolff, dee bis dohin Substitut zu Dikrech war, als Substitut beim Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg, am Rang vum Riichter, genannt ginn. Am Oktober 1884 krut hie seng formell Nominatioun als Riichter bei deem Geriicht. Den 2. November 1893 gouf den Ed. Wolff Distriktskommissär vum Distrikt Lëtzebuerg, wou hien den Alphonse de la Fontaine ersat huet. Spéider kënnt hien nees an d'Magistratur zréck, wou hien et bis zum “Conseiller à la Cour supérieure de justice” bréngt.
De Jeeër
Den Édouard Wolff war e passionéierte Jeeër, donieft och en erfuerene Fëscher: chasseur pur sang et pêcheur expérimenté.
Hien huet de 24. Abrëll 1893 am Ouljener Bësch beim "Kiem" e Wollef geschoss, deen als de leschte Wollef, deen zu Lëtzebuerg erluecht gouf, an d'Geschicht agaangen ass. Op der Plaz, wou dat geschitt ass, huet de Saint-Hubert-Club am Joer 1937 eng Gedenkplack ubrénge gelooss, op där fälschlecherweis steet, dat hätt sech am Joer 1892 ofgespillt.
De facto, sinn och nach méi spéit Wëllef zu Lëtzebuerg gesinn a geschoss ginn, bis an d'Joer 1920, wou nach e Wollef bei Bierg erluecht gouf, eng kleng Uertschaft, déi grad wéi Ouljen zur (Gemeng Betzder) gehéiert. Kuckt: De Wollef zu Lëtzebuerg.
Gielchen
- Officier vum ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1909).
Literatur
- Anonyme (1938): Edouard Wolff. Jonghémecht 1938, Nr. 7/8, S. 281 (reprise d'un article du « Luxemburger Zeitung » du 14 juin 1938).
- Anonyme (1979): Der Jäger, der den letzten Luxemburger Wolf erlegte! Chasse et Chien 6 (79), S. 14.
- Faber, Ernest (1908): Der Wolf, seine Lebensweise und frühere Verbreitung im Großherzogtum. Bulletin de la Société des Naturalistes luxembourgeois 28, S. 389-394, 411-419 (cf. S. 412).
- Luxemburger Zeitung (1893), Nr. 115 (25. April), S. 3 (Luxemburg, 25. April).
- Massard, Jos. A. (1985): Zum hundertsten Jahrestag der ersten Tollwutimpfung (II): Von Hunden und Wölfen. Tageblatt 1985, Nr. 159 (13. Juli), S. 9.
- Massard, Jos. A. (1986): Wölfe in Luxemburg. Lëtzebuerger Almanach 1987, Luxemburg, S. 353-374 (cf. S. 372-373).
- Massard, Jos. A., 2015. Der Mythos vom letzten Wolf in Luxemburg. Der 1893 bei Olingen erlegte Wolf war nicht der letzte. Wölfe traten noch viel später als bisher angenommen in Luxemburg auf. Eine Aufarbeitung in drei Teilen. — Teil I: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 258 (5. November), S. 19. — Teil II: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 259 (6. November), S. 19 (Der Erste Weltkrieg brachte die Wölfe zurück). — Teil III: Lëtzebuerger Journal 2015, Nr. 260 (7. November), S. 19 (1920 – Ein Wolf bei Berg). Erweiterte Online-Version.
- Spedener, Gregor (1937): Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher, P. Faber, 106 S. (cf. S.101).
Referenzen
- ↑ Ville de Luxembourg, État civil, naissances 1851, No 156; Courrier du G.-D. de Luxembourg 1851, No. 28 (5 avril): 4 (État civil: déclaration de naissance du 3 avril); beim Spedener 1937 steet: "1852" amplaz "1851". De Papp war de Jean Baptiste Théophile Édouard Wolff, 25 Joer, "rentier", an d'Mamm d'Marie Delphine Deitz, 21 Joer; si hunn am Haus Nr. 264 um Krautmaart gewunnt. Als Zeie ware bei der Deklaratioun vun der Gebuert dobäi de Jean Wolff, 55 Joer, "conseiller à la cour supérieure de justice et de cassation", an de Philippe Conrade Auguste baron du Prel, 76 Joer, "rentier".
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort, 1938, Nr. 157/158 (6./7. Juni), S. 8; id.: Nr. 159 (8. Juni), S. 7. Beim Anonyme 1979 steet iertemlecherweis: 8. Juni 1938.
- ↑ Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1883: 369.
- ↑ Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1884, S. 563
- ↑ Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1893: 625.
- ↑ Massard 2015: Online-Version. Kuck och: Anonyme 1938.
- ↑ Massard 2015.
- ↑ Memorial A n° 22 vun 1909 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen