peoplepill id: edouard-juncker
ÉJ
Luxembourg
3 views today
3 views this week
Édouard Juncker
Luxembourgish politician

Édouard Juncker

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish politician
Work field
Gender
Male
Place of birth
Dahl, Goesdorf, Canton of Wiltz, Luxembourg
Place of death
Ettelbruck, Luxembourg
Age
77 years
The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ernest, genannt Édouard (Ed) Juncker, gebuer den 30. Juli 1921 zu Dol, a gestuerwen den 20. Januar 1999 zu Ettelbréck, war e lëtzebuergesche Politiker (CSV). Vu Beruff war den Ed Juncker Krankefleeger am Ettelbrécker Centre hospitalier neuropsychiatrique (CHNP).

Seng Carrière

  • 1942, am Zweete Weltkrich, gouf den Ed Juncker zwangsrekrutéiert an ass an den Arbeitsdienst an Ostpreise komm. Duerno koum en an ee Panzerjägerbatailloun op Ludwigsburg. De 15. Mee 1943 huet hien desertéiert an ass mam Zuch op Metz geflücht. Bis zum Enn vum Krich war hien am Éislek verstoppt;
  • 1957 war hie fir d'éischt Kandidat bei de Gemengewale fir d'CSV;
  • 1967 Member vum Ettelbrécker Gemengerot no der Demissioun vum Dr. Léon Mischo;
  • 1969 Éischtgewielten op der CSV-Lëscht;
  • 1976-1998 Buergermeeschter vun Ettelbréck;
  • 1974-1999 (bis zu sengem Doud) Deputéierten an der Chamber.

Soss

Den Ed Juncker huet e groussen Undeel un der Aféierung vum Remembrance-Day zu Ettelbréck (Gedenken un déi gefalen Zaldoten aus dem Zweete Weltkrich).

D'Stad Ettelbréck huet hire Kulturzentrum nom Ed Juncker benannt: Centre des arts pluriels Edouard-Juncker. Den Ed Juncker war de Monni vum Staatsminister Jean-Claude Juncker. Hien huet 1984, no engem excellente Walresultat, op eng Ministeschplaz verzicht, well soss säin Neveu net hätt kënnen an der Regierung bleiwen.

Den Ed Juncker war mat der Bertha Goergen bestuet. Hir Duechter Edmée Feith-Juncker, gebuer de 5. Juli 1953 zu Dikrech, gouf am Oktober 1999 an den Ettelbrécker Gemengerot gewielt wou si zanter dem 1. Januar 2000 ass.

Undenken un den Ed Juncker

Um Spaweck

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Édouard Juncker is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Édouard Juncker
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes