peoplepill id: colette-mart
CM
Luxembourg
5 views today
7 views this week
Colette Mart
Luxembourgish politician

Colette Mart

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish politician
Gender
Female
Age
69 years
The details (from wikipedia)

Biography

D'Colette Mart, gebuer de 27. Abrëll 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Journalistin, DP-Politikerin a Schrëftstellerin.

No der Première am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht, huet si Journalismus a Kommunikatiounswëssenschaft op der Université libre de Bruxelles studéiert. Si huet duerno um Institut des études européennes hir Studie weidergefouert.

Zanter 1979 schafft si als Journalistin. Si huet am Ufank zu Bréissel an duerno fir d'Heidelberger Tageblatt an d'Rhein-Neckar-Zeitung zu Heidelberg geschafft. 1984 ass si op Lëtzebuerg zréckkomm a war do als fräi Journalistin fir d'Dageszeitung Le Républicain Lorrain aktiv. Zanter 1999 ass si Journalistin an der Redaktioun vun der Dageszeitung Lëtzebuerger Journal.

D'Colette Mart war vun 2003 bis 2006 Presidentin vum Conseil national du livre, a vun 2004 bis 2013 vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV).

Si ass zanter 1999 Conseiller am Gemengerot vun der Gemeng Lëtzebuerg, an zanter 2011 Schäffin.

D'Colette Mart ass d'Duechter vum liberale Politiker René Mart (1925-1990).

Si krut 2011 en internationale Literaturpräis fir dichteresch Exzellenz an 2010 e Journalistepräis vun der Lëtzebuerger Regierung am Kader vum Europäesche Joer géint Aarmut an Ausgrenzung.

Hiert Wierk

  • Der Tag am Meer und andere Erzählungen, ill. vum Jean Goedert (1983), Verlag Laub GmbH, Elztal, 103 Säiten
  • La Peau. Poèmes. - Die Haut. Gedichte. Zweesproocheg Gedichter(1986), Éditions Phi.
  • Als Anna weinte. E Fraeportrait a Gedichter (1994), Éditions Phi, 100 Säiten.
  • Frau im roten Sand, Kuerzgeschichten, (2005), Éditions Carrière, 125 Säiten
  • Unterbrochene Melodien, Journalistesch a feuilletonistesch Texter (2008) Éditions Carrière

Um Spaweck

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Menu Colette Mart

Basics

Introduction

Hiert Wierk

Um Spaweck

Gallery (1)

Lists

Also Viewed

Lists
Colette Mart is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Colette Mart
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes