peoplepill id: ben-heyart
BH
Luxembourg
1 views today
6 views this week
Ben Heyart
Luxembourger painter

Ben Heyart

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourger painter
Work field
Gender
Male
Place of birth
German Confederation, Luxembourg
Age
81 years
Awards
Prix Grand-Duc Adolphe
(1962)
The details (from wikipedia)

Biography

De Ben Heyart, gebuer den 18. November 1927 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 26. Februar 2009, war e lëtzebuergesche Moler.

Hien huet e Studium op der École nationale supérieure des beaux-arts de Paris an op der Académie Julian gemaach. Duerno huet hien nach op der Académie royale des beaux-arts de Bruxelles studéiert.

Vun 1957 un war hien Zeecheprofesser an der Lycée de garçons de Luxembourg an am Kolléisch an der Stad.

De Ben Heyart war als kreative Kënschtler a ville Gebidder doheem. Hien huet net nëmme Biller gemoolt, mä och Mosaicker a Glasfënsteren entworf, wéi an der Kierch zu Steesel oder de Kräizwee an der Kierch um Belair

Seng Wierker goufen zu Lëtzebuerg an och am Ausland, wéi zu Tokyo, Paräis, Berlin an Amsterdam, an Ausstellunge gewisen.

Auszeechnungen

  • 1962 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe.

Literatur

  • Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 36-38)
  • Paul Maas, 2010. Ben Heyart oder Ein Sockel für Transversalkompetenzen. récré 25, S. 30-33.
  • Marc Theis an Elisabeth Vermast, 1995. Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui. 'Édition Marc Theis, Lëtzebuerg/Hannover, S. 38-39.
  • Edouard Marc Kayser, Ben Heyart et Pit Nicolas, deux artistes liés à l'Athénée; in: (kollektiv), De Kolléisch 2017, Festschrëft (...); Lëtzebuerg (Éditions de l'Athénée & Print Solutions), 2018; 2 Bänn; hei, Bd. I, Ss. 128-133 (ill. & Bibliogr.).

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden
  • Dräifaltegkeetskierch zu Walfer
  • Kierch Lëtzebuerg-Belair

Um Spaweck

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Ben Heyart is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Ben Heyart
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes