peoplepill id: alphonse-halleux
AH
2 views today
3 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Joseph Alphonse Halleux, gebuer de 15. Mee 1921 zu Seraing bei Léck a gestuerwen den 28. Januar 2015 zu Huy war e wallounesche Moler.

Den Alphonse huet seng Primärschoul zu Seraing gemaach a huet mat 15 Joer eng Léier an der Konfektiounsbranche ugefaange bei den deemolege Konfektiounsatelieren- a Geschäfter La Ville de Paris, wou hie wärend 10 Joer an de Geschäfter zu Seraing an zu Jemeppe geléiert a geschafft huet. Duerno huet hien 2 Joer an engem anere grousse Konfektiounsatelier den Ateliers Georges als Responsabele fir Kostümer op d'Mooss geschafft.

An der Tëschenzäit huet den Alphonse, dee mat 12 Joer ugefaangen huet mat Molen, Unterrecht zu Léck op der Académie des Beaux Arts geholl an huet do am Joer 1935 een éischte Präis (Prix de la Reine Astrid) gemaach, deen hien och sollt vun der Kinnigin iwwerreecht kréien, wat awer duerch den trageschen Doud vun dëser just virun der Präisverdeelung net sou geschitt ass.

D'Krichsjoren huet hie bei de 1ers Lanciers de Spa als Zaldot ugefaangen an huet sech bedéngt duerch déi séier Kapitulatioun vun der belscher Arméi an deem Duercherneen deen do entstanen ass, mat 6 aner Zaldotekollegen zu Fouss wärend 14 Deeg bis op Rouen duerchgeschloen. Leider ass en ze fréi erëm an d'Belsch zréckkomm wou déi Däitsch hie gezoppt hunn, an en op Frankfurt um Main geschéckt hunn, wou hie fir d'Reichsbahn huet misse schaffen.

Nom Krich huet awer erëm d'belsch Arméi net labber gelooss, wou hien dann als motocycliste am Meldungsdénscht an Irland geschéckt gouf an do awer zimmlech séier Chauffer vum belsche Kommandant an Irland ginn ass.

No sengem Militärdéngscht koum hien zréck op Léck wou hie bis zu senger Pensioun an de Geschäfter Bon Marché geschafft huet, an do als Chef de Service seng Carrière ofgeschloss huet.

Wärend senger Zäit als Reesender fir déi Firma koum hie vill an d'Arelerland an och op Lëtzebuerg. Eng Parti vu senge Biller weisen och Motiver aus der Areler Géigend a vu Lëtzebuerg, besonnesch vun der Sauer an aus dem Éislek.

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Alphonse Halleux is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Alphonse Halleux
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes