peoplepill id: will-reuland
WR
Luxembourg
2 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

Gender
Male
Place of birth
Grevenmacher, Grevenmacher, Canton of Grevenmacher, Luxembourg
Place of death
Grevenmacher, Grevenmacher, Canton of Grevenmacher, Luxembourg
Age
76 years
The details (from wikipedia)

Biography

De Will Reuland, gebuer den 3. Oktober 1920 zu Gréiwemaacher an do den 29. Abrëll 1997 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Journalist a Lexikograph.

De Will Reuland huet, no Zwangsrekrutéierung a Krichsgefaangenschaft, als Schoulmeeschter geschafft. Hie war an enger etleche Veräiner a Confrerien, déi em de Muselwäin an de gudde Kascht goungen.

Hie war jorelaang Lokalkorrespondent vun e puer Zeitungen, hat d'Redaktioun vum Lëtzebuerger Wënzer a vun der Zäitschrëft vun der Confrérie Saint-Hubert, an huet an der Revue de la Jeunesse an an der Warte matgeschafft. Zanter 1959 huet hien, op Radio Lëtzebuerg, d'Muselchronik animéiert, an och am Saarländischer Rundfunk, zesumme mam Léon Blasen, eng Emissioun iwwer de Lëtzebuerger Wäi gemaach.

Vun 1961 u war de Will Reuland Member vun der Dictionnaires-Kommissioun, déi de Lëtzebuerger Dictionnaire ausgeschafft huet, an huet sech do ëm d'Musel-Variante vum Lëtzebuergesche gekëmmert. Hie gouf 1963 Member vun der Linguistescher Sektioun vum Institut grand-ducal, a vun 1991 bis zu sengem Doud där hire President.

1973 huet en, zesumme mam Henri Rinnen, d'Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch publizéiert, dat an iwwer 10 Oploen nogedréckt gouf. De Succès huet si encouragéiert, och e Petit dictionnaire français-luxembourgeois auszeschaffen.

De Will Reuland ass och Auteur vu Gedichter a vu Jugenderënnerungen, déi an zwee Bicher, Jempi an d'Jempien I an II verschafft goufen.

Literatur

  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. (Reuland, Will, S. 505-506)
  • Hermes, M., 1995. Dem Will Reuland fir seng 75… In: Die Warte 1995, Jg. 48, Nr. 29/1746 (12. Oktober), S. 3.
  • Rinnen, H., 1998. In memoriam Will Reuland. In: Bulletin linguistique et ethnologique, 27, S. 4-6.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 05 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Will Reuland is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Will Reuland
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes