peoplepill id: pilo-fonck
PF
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Pilo Fonck
Lëtzebuergesche Sportsreporter

Pilo Fonck

The basics

Quick Facts

Intro
Lëtzebuergesche Sportsreporter
Gender
Male
Star sign
TaurusTaurus
Birth
22 April 1938, Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Age
86 years
The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Pilo Fonck, gebuer als Paul René Alphonse Fonck den 22. Abrëll 1938 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Sportsjournalist.

Tëscht 1959 an 1995 war de Pilo Fonck Sportreporter bei RTL, fir d'éischt um Radio a spéider och op der Tëlee. Zanterhier schreift hien ënner anerem fir den Télécran.

President vum Conseil supérieur des sports

Am September 2009 gouf de Pilo Fonck vum Sportsminister Romain Schneider zum President vum Conseil supérieur des sports ernannt. Hie gouf an deem Gremium den Nofollger vum Affi Scherer.

Vum deem Mandat ass hien awer schonn no manner wéi engem Joer duerno zréckgetrueden, aus Protest dogéint datt de selwechte Minister hien an de Gab Deibener aus dem Verwaltungsrot vun der Coque erausgehäit hat. De Minister huet seng Decisioun mat dem virgeschréckten Alter vum Pilo Fonck an dem Gab Deibener begrënnt. Dat huet de Pilo Fonck awer net sou einfach gëlle gelooss a seng Meenung dem Minister an engem oppene Bréif matgedeelt.

Säin Nofollger am Conseil supérieur des sports gouf dunn den Denis Scuto, dee bis dohi Vizepresident war.

Publikatiounen

  • Fonck, Pilo: Le sport grand-ducal aux Jeux Olympiques du XXe siècle ISBN 2-87963-324-9

Literatur

  • Kevin Zender: Ein Leben voller Sport - Der ehemalige Radio- und TV-Journalist Pilo Fonck feiert morgen seinen 80. Geburtstag, am Luxemburger Wort vum 21. Abrëll 2018, S. 82

Referenzen an Notten

  1. De Pilo Fonck op der Websäit vum Conseil de presse
  2. Dee Conseil soll Avise fir de Sportsministère ausschaffen an e besonnesch a budgetäre Froe beroden.
  3. "Pilo Fonck leitet obersten Sportsrat". wort.lu, 23.09.2009 20:21.
  4. Communiqué vum Service information et presse, rtl.lu 16. Oktober 2009
  5. Coque: Robert Schuller neie President vum Verwaltungsrot (mat engem Extrait aus dem Pilo Fonck sengem Bréif) rtl.lu 18.Juni 2010
  6. Conseil supérieur des sports: Denis Scuto neie President rtl.lu 10. Juli 2010.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 05 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Pilo Fonck is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Reference sources
References
Pilo Fonck
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes