peoplepill id: paul-lenert
PL
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Paul Lenert
Luxembourg businessman

Paul Lenert

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourg businessman
Work field
Gender
Male
Religion(s):
Place of birth
Grevenmacher, Luxembourg
Age
58 years
Family
Education
Harvard Business School,
The details (from wikipedia)

Biography

De Paul Lenert, gebuer de 17. Mee 1965 zu Gréiwemaacher, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist a Journalist.

De Paul Lenert huet, no senger Première am Lycée Michel-Rodange, zu Stroossbuerg op der Université Louis-Pasteur Ekonomie studéiert, a zäiteg Coursen op der New Yorker Columbia University an der Harvard Business School beluecht.

Am Januar 2010 gouf de Paul Lenert als Generaldirekter vun der Medienentreprise Saint-Paul Luxembourg s.a. an zum Direkter vun de Publikatiounen a Redaktioune vu Saint-Paul, dorënner dem Luxemburger Wort, genannt.

Seng journalistesch Carrière huet hien 1984 als Korrespondent ugefaangen. 1991 ass hie Journalist ginn an huet fir d'Lokalredaktioun vum Luxemburger Wort geschriwwen. 1995 huet de Paul Lenert an d'Wirtschafts- a Finanzredaktioun gewiesselt, wou hien 1997 Rubrikechef ginn ass. 2002 gouf hien zum stellvertriedende Chefredakter vum Wort ernannt an 2004 gouf hie Sous-Direkter. 2006 ass hie stellvertriedenden Direkter vu Saint-Paul Luxembourg s.a. an ee Joer drop vum Conseil d'administration als stellvertriedende Generaldirekter ernannt ginn. Den 1. Juli 2009 ass de Paul Lenert du Generaldirekter vu Saint-Paul Luxembourg s.a. ginn.

De Paul Lenert war bis den 3. Mé 2013 den Nofollger vum Léon Zeches, dee bis dohi Generaldirekter vu Saint-Paul Luxembourg s.a. a Chefredakter vum Luxemburger Wort war. De 27. Januar 2014 huet d'Firma SkyCom s.à r.l. vun Nidderdonwen matgedeelt, datt de Paul Lenert do zum Generaldirekter ernannt gouf.

De Paul Lenert ass bestuet a Papp vun zwee Kanner. Hien ass de Jong vum fréieren CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Roger Lenert.

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 06 Jun 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Paul Lenert is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Reference sources
References
Paul Lenert
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes