peoplepill id: johannes-coricius
JC
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Male
Birth
Death
1527 (aged 70 years)
Age
70 years
The details (from wikipedia)

Biography

De Johannes Coricius, gebuer 1457 (?) zu Käerch, gestuerwen 1527 zu Verona, war e lëtzebuergesche Geléierten, Jurist, Geeschtlechen an Humanist, deen haaptsächlech zu Roum an Italien gelieft huet.

Hie war mat dem Erasmus vu Rotterdam befrënnt a war juristesche Beroder vun dräi Peepst. Hie war e mëtschgiewege Mäzen vun Dichter a Kënschtler.

Liewen

Säi Papp war de Liewensmëttelhändler Heinrich von Koerich. Hien hat zwee Geschwëster: d'Else von Körich, déi mat dem Goldschmadd Johann Brand bestuet war, an de spéidere Munnerëffer Paschtouer Godhart Corricius († 1533).

Iwwer seng Schoulzäit ass näischt bekannt. Den 29. Oktober 1479 huet hie sech op der Universitéit vun Heidelberg immatrikuléiert, wou de Jakob Wimpfeling (1450-1528) säi wichtegste Professer gouf. De 7. Juli 1481 huet hie säin Artium baccalaureus (fr: baccalauréat ès arts libéraux) ofgeschloss (Grammatik, Dialektik a Rhetorik -> Trivium), an de 24. September 1481 krut hie säin Theologiae baccalaureus. Säi Mentor Wimpfeling huet him du géint 1484 de Wee op Roum gewisen, wou hie bei der Kurie Carrière gemaach huet.

Säin Haus, um ëstlechen Hank vum Kapitolhiwwel, war Ulafplaz fir Dichter, Schrëftsteller, Kënschtler a Geléiert. Ënner de prominente Gäscht fënnt een Nimm wéi Nikolaus Kopernikus, Erasmus vu Rotterdam, Martin Luther, Michelangelo, Benvenuto Cellini, Donato Bramante... Hie war mam Kënschtler Raffael befrënnt bei deem en eng Fresk fir d'Kierch Sant'Agostino um Marsfels zu Roum an Optrag ginn huet. Dat stellt de Prophet Isaias duer. An der selwechter Kierch huet de Coricius de Kult vun der hl. Anna selbdritt etabléiert a gefërdert.

De Johannes Coricius huet ënner 6 Peepst gedéngt: Alexander VI., Pius III., Julius II., Leo X., Hadrian VI. a Klemens VII.

Wéi de Poopst Klemens VII. sech 1526 de Feinde vum Karel V. ugeschlooss huet, huet de Keeser am Fréijoer 1527 eng Strofaktioun géint Roum ënnerholl, déi als Sacco di Roma an d'Geschicht agaangen ass. Dobäi huet de Johannes Coricius säi ganzt Verméige verluer an huet sech aarm wéi en Heeschert op de Wee zréck a seng Heemecht gemaach. Hie koum awer net méi wäit wéi Verona, wou hien als gebrachene Mann gestuerwen ass.

Carrière als Kleriker baussent Roum

Follgend Ämter, déi mat engem Akommes verbonne waren, huet de Johannes Coricius bekleet ouni wierklech Residenz, dat heescht vu Roum aus (Romae residens).

  • Kanonikat um Tréirer Simeonstëft bei der Porta Nigra.
  • Deche vu Bernkastel a. d. Mosel vum 1. Dezember 1510 bis den 19. Mäerz 1513.
  • Propst vum Stift St. Paulin bei Tréier vu 1519 bis zu sengem Doud.
  • D'Par vu Feelen zu Lëtzebuerg bis zu sengem Doud.

Dem Johannes Coricius seng Nimm

  • Familljenimm: Nieft Coricius si follgend Nimm an der Literatur ze fannen, déi sech alleguer vu senger Gebuertsuertschaft Käerch (Koerich) ofleeden: Coritius, Coricio, Corycius, Corytius, Curitius, Goricius, Goritz, Gorizius, Gorytius, Gurici, Köritz, Küritz.
  • Virnimm: Nieft Johannes fënnt een nach Johann an Janus an der Literatur.

Literatur

  • Allgemeine deutsche Biographie; Bd. 9; Leipzig (Verlag Geringswald-Gruber), 1879; S. 375.
  • Anonym, 1939. Zur Jahrhundertfeier des Kantons Capellen. Fotoe vum Tony Krier. A-Z Luxemburger Illustrierte Nr. 25, 18. Juni 1939, Jahrgang 7. S. 12-15. [1]
  • Grégoire, Pierre, 1979. Humanisten um Janus Coricius römischen Mäcen und luxemburgischen Renaissancemenschen (1457 ?-1517). Die Warte Année 32(1979), n° 15, p. [1 + 4] ; n° 16, p. [1 + 4], Luxembourg.
  • Grégoire, Pierre, 1980. Humanisten um Janus Coricius: römischen Mäzen und Luxemburgischen Renaissancemenschen (1457?-1527): eine literarisch-kulturelle Untersuchung. Mit Zeichnungen von Edmond Goergen. 329 S. Verl. "De Frëndeskrees", Sankt-Paulusdr., Luxemburg.
  • Grégoire, Pierre, 1980. Die Vermächtnisse des Johannes Coricius: Ergänzung und Berichtigung. Die Warte Année 33(1980), n° 32, p. [1 + 2], Luxembourg.
  • Schmitt, Heinz, 2008. Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL) Band XXIX (2008) Spalten 303-319.
  • Wimpheling, Jakob, 1502. Defensio Germaniae Jakobi Wimphelingi. Fribv.
  • Lydia Keilen, Les CORYCIANA, un recueil de poèmes (1524) dédiés au Luxembourgeois Janus Corycius - ou "Jang vu Kärch" ; in: annALes de l'Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter (sic) Kolléisch ; 05 / 2011-2012; Lëtzebuerg, (September) 2012; Ss. 362-369 (ill., bibliogr. Angaben).

Referenzen

  1. Quell: cf. Wimpheling 1502 an der Literatur.
  2. Dat krut hie 1497 vum Lëtzebuerger Nikolaus Hilchen als Tosch géint e Benefizium um St. Antoniusaltor an der Nikloskierch zu Lëtzebuerg. Cf. Schmitt 2008 an der Literatur.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article on 31 Jul 2020. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Johannes Coricius is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Reference sources
References
Johannes Coricius
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes