Bandana
Quick Facts
Biography
De Bandana ass e Gangsta-Rapper vun Esch-Uelzecht.
Hien ass am Hierscht 2015 bekannt gi wéi d'Police op Esch-Belval geruff gouf well sech do eng Dose bewaffnet maskéiert Persoune erëmgedriwwen hunn. D'Waffe goufe beschlagnaamt; et huet sech erausgestallt, datt et falscher waren an datt dat Ganzt den Tournage fir e Musekvideo war. Den 1. November 2015 gouf dee Video fir dem Bandana säin éischten Titel Squad op YouTube gesat a gouf an engem Dag 15.000-mol an an der Zäit vun enger Woch 100.000-mol gekuckt ugeklickt. E gouf a bal alle groussen nationale Medien ernimmt an huet gréisstendeels negativ Reaktiounen ervirgeruff. Rapper wéi den C.M.P, de Marc Garçon an den Jerry Kane hu mat Dissen reagéiert, och den Tommek huet e Video als Reaktioun verëffentlecht.
Am Dezember 2015 huet de Bandana den Disstrack YM géint de Ben Olinger verëffentlecht. 2016 sinn nach d'Titele Locker a 4Fun erauskomm.
Lidder
- 2015: Squad
- 2015: YM
- 2016: Locker
- 2016: 4Fun
Um Spaweck
- Diskographie vum Bandana op Rate Your Music
- Facebookpresenz vum Bandana
- YouTube-Kanal
Referenzen
- ↑ L'essentiel (online): La police sur les dents à cause d'un clip de rap (25. Oktober 2015)
- ↑ Journal (online): Rap-Dreh auf der Motorhaube ging nach hinten los (3. November 2015)
- ↑ Luxemburger Wort: Luxemburgisches Rapper-Video jetzt im Netz (2. November 2015)
- ↑ Le rappeur Bandana prépare un nouveau coup! (9. November 2015)
- ↑ RTL: Aner Rap-Kënschtler reagéiere mat Dissen an Net-Dissen (12. November 2015)