peoplepill id: vesna-andonovic
VA
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Vesna Andonovic
Lëtzebuergesch Journalistin a Schrëftstellerin

Vesna Andonovic

The basics

Quick Facts

Intro
Lëtzebuergesch Journalistin a Schrëftstellerin
Gender
Female
Place of birth
Kragujevac, Opština Kragujevac, Šumadija District, Serbia
Age
54 years
The details (from wikipedia)

Biography

D'Vesna Andonovic, gebuer den 8. Januar 1970 zu Kragujevac am deemolege Jugoslawien, ass eng lëtzebuergesch Kulturjournalistin a Schrëftstellerin.

Biographie

D'Vesna Andonovic ass am Alter vun engem Joer mat hirer Famill op Lëtzebuerg komm. Si ass an d'Primärschoulen zu Beggen a Mamer an duerno an den Athénée gaangen. No hirer Première 1989 huet si zu Nanzeg Kultur a Kommunikatioun studéiert. Hire Studium huet si 1994 mat engem DEA en études cinématographiques et audiovisuelles ofgeschloss.

Berufflech war si pedagogesch Assistentin am Stater Lycée technique du Centre, éier si 1999 hir eege Kommunikatiounsagence gegrënnt huet. 2005 ass si "Freelance"-Journalistin beim Télécran ginn. Vum Joer duerno bis 2021 war si an der Kulturredaktioun vum Luxemburger Wort aktiv, fir d'éischt als Journalistin, vun 2013 un als stellvertriedend Cheffin a bis Mee 2021 als Cheffin. Beim Wort war si ënner anerem fir d'Bäilagen Die Warte a Lesezeit verantwortlech.

Zënter dem Summer 2021 schafft si beim Radio 100,7.

D'Vesna Andonovic souz e puermol an der Jury vum Literaturpräis Prix Laurence, an 2012 och an der Jury vum 5. Lëtzebuerger Filmpräis. Si souz och an der Ökumeenescher Jury bei anere Filmfestivallen, dorënner zu Berlin, Saarbrécken a Fribourg. Donieft ass si och reegelméisseg Jurymember fir aner national Kulturpräisser, wéi zum Beispill der Bourse Edmond-Dune 2018, 2019 an 2020 vum Fonds culturel national,, dem Prix Batty Weber 2020, oder de Lëtzebuerger Theaterpräisser 2021.

Si ass Member vum Redaktiounscomité vun der Kulturzäitschrëft nos cahiers.

Mat Zëmmer Nummer fënnef huet si 2013 hiert éischt Buch an der Rei "Smart Kremart" bei Kremart Edition verëffentlecht. Et ass eng Erzielung aus siwen Deeler, déi ufanks wierken, wéi wa se keen Zesummenhang hätten, mee déi all matenee verbonne sinn.

Wierker

  • Zëmmer Nummer fënnef, Lëtzebuerg, Kremart, 2013, ISBN 978-99959-830-3-1

Quell

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Vesna Andonovic is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Vesna Andonovic
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes