peoplepill id: raymond-conzemius
RC
1 views today
1 views this week
Raymond Conzemius

Raymond Conzemius

The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Raymond Conzemius, gebuer de 6. Juni 1966 zu Esch-Uelzecht, ass e Sportsprofesser a fréiere lëtzebuergesche Liichtathlet a Spezialist am Héichspronk.

Mat Turnen huet hie seng sportlech Carrière ugefaangen, koum awer duerno duerch seng eeler Schwëster, déi am CA Fola lizenzéiert war, bei d'Liichtathletik. Dem Trainer Raymond Mores ass dem Raymond Conzemius seng gutt Sprongkraaft opgefall an huet hie bei den Héichsprong orientéiert.

Den 20. Juli 1983 huet hien um internationalen Cactus-Meeting mat 2,15 m dem Marc Romersa säi Landesrekord am Héichsprong égaléiert.

Um LASELs-Championnat, den 22. Mee 1984, huet de Raymond Conzemius mat 2,16 m en neie Landesrekord opgestallt. Datselwecht Joer huet hien de Rekord nach bis op 2,20 m eropgeschrauft.

1984 ass hie vun der Lëtzebuergescher Sportpress zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer gewielt ginn.

Nodeem hien Enn 80er an Ufank 90er Jore vill mat Verletzunge geplot war, huet hien de Landesrekord 1995 nach eng Kéier op 2,22 m verbessert.

Palmarès

1983

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

1984

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,18 m)

1985

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,10 m)

1986

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

1994

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,11 m)

1995

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,08 m)
  • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,15 m)

1996

  • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,02 m)

1997

  • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,18 m)

Gielchen

  • Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 2007)

    Kuckt och

    • Olympic rings with white rims.svg Portal Sport
    • Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
    • Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympioniken
    • Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
    VirdrunOlympic rings with white rims.svg  Sportler vum Joer  Olympic rings with white rims.svgDuerno
    Roland Jacoby1984Claude Michely

    Referenzen

    Palmarès

    1983

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

    1984

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,18 m)

    1985

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,10 m)

    1986

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,04 m)

    1994

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,11 m)

    1995

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,08 m)
    • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,15 m)

    1996

    • 1. an der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft (2,02 m)

    1997

    • 1. bei de Spiller vun de klengen europäesche Staaten (2,18 m)
    The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
    Lists
    Raymond Conzemius is in following lists
    comments so far.
    Comments
    From our partners
    Sponsored
    Raymond Conzemius
    arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes