Rainer Klump
Quick Facts
Biography
De Rainer Klump, gebuer de 27. September 1958 zu Darmstadt, ass en däitschen Economist. Zënter dem 15. Januar 2015 ass hie Rekter vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Akademesch Carrière
Hien huet vun 1978 bis 1983 op der Universitéit Mainz, Paris I an Erlangen-Nürnberg Economie studéiert a war vun 1992 bis 1997 Professer fir Economie a wirtschaftlech Entwécklung op der Julius-Maximilians-Universitéit Würzburg. Vun 1997 bis 2000 huet hie Wirtschaftspolitik op der Universitéit Ulm enseignéiert, a vun Oktober 2000 bis 2015 wirtschaftlech Entwécklung an Integratioun op der Johann-Wolfgang-Goethe-Universitéit zu Frankfurt am Main. Vun 2009 bis Ufank 2015 war hie Vizepresident vun där Universitéit. Zënterhir ass hie Rekter vun der Universitéit Lëtzebuerg.
Publikatiounen
- Wirtschaftsgeschichte der Bundesrepublik Deutschland. Zur Kritik neuerer wirtschaftshistorischer Interpretationen aus ordnungspolitischer Sicht. Beiträge zur Wirtschafts- und Sozialgeschichte, Band 29, Stuttgart 1985.
- Entstehung und Verwendung internationaler Schlüsselwährungen. Theoretische Erklärungen, historische Erfahrungen, wirtschaftspolitische Schlussfolgerungen. Hamburg 1986.
- Einführung in die Wirtschaftspolitik. Theoretische Grundlagen und Anwendungsbeispiele. München 1989, 2. Auflage 1992.
- (Hrsg.) Vierzig Jahre Deutsche Mark. Die politische und ökonomische Bedeutung der westdeutschen Währungsreform von 1948. Beiträge zur Wirtschafts- und Sozialgeschichte, Band 39, Stuttgart 1989.
- Geld, Währungssystem und optimales Wachstum. Ein Beitrag zur monetären Wachstumstheorie. Tübingen 1993.
Referenzen