peoplepill id: othon-decker
OD
Luxembourg
1 views today
6 views this week
Othon Decker
Luxembourgish politician

Othon Decker

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish politician
Work field
Gender
Male
Age
76 years
Awards
Commander of the Order of the Oak Crown
 
The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Othon Decker, gebuer de 24. Juni 1886 a gestuerwen den 29. Januar 1963 am Alter vu 76 Joer, war e lëtzebuergeschen Zänndokter a Politiker.

Den Othon Decker war vun Iechternach.

Säi Staatsexame fir Zänndokter huet hien den November 1908 gemaach, zesumme mam Jean Weber vun Ëlwen.

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 gouf hien eng éischt Kéier als Deputéierten aus dem Walbezierk Osten an d'Chamber gewielt an duerno wärend 40 Joer all Kéier erëmgewielt. Bis zum 2. Weltkrich huet hie kenger Partei ugehéiert; eréischt 1945 huet hie sech der LSAP ugeschloss.

Hie war vum 20. Mäerz 1925 bis de 16. Juni 1926 Generaldirekter (Minister) fir Sozialversécherung an Aarbecht an der Regierung Prüm.

Hie war vun 1914 bis 1960 Kantonalpresident vun de Pompjeeën aus dem Kanton Iechternach.

Gielercher

  • Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)

Referenzen

  1. Memorial A no 9 vun 1936 mat derr LISTE GÉNÉRALE des personnes autorisées à exercer dans le Grand-Duché une branche de l'art de guérir ou une profession qui s'y rattache wou den Dr Othon Decker op der Säit 114 op sengem Gebuertsdatum steet
  2. Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 2003-2004 (du 14 octobre 2003 au 5 juin 2004), édité par le Greffe de la Chambre des Députés, Luxembourg 2006, S.59-60.
  3. "Hommage rendu a la mémoire de feu M. le député Othon Decker." Compte-rendu des travaux de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. Session ordinaire 1962-1963, Luxembourg: séance du 30 janvier 1963 (17eme séance) C-1962-O-017-0002, S.405-407.
  4. Lëscht vun de Kantonlapräsidente vun de Pompjeeën aus dem Kanton Iechternach
  5. Memorial A N°10 vun 1950 mat der Lëscht vun de Leit déi 1950 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Menu Othon Decker

Basics

Introduction

Gielercher

Referenzen

Lists

Also Viewed

Lists
Othon Decker is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Othon Decker
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes