Nicolas Thill
Quick Facts
Biography
Den Nicolas Thill, gebuer den 3. Oktober 1885 zu Hiefenech an do gestuerwen den 20. Dezember 1967, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Archeolog an Auteur.
Nom Besuch vun der Uewerprimärschoul an der Fiels an der Normalschoul an der Stad Lëtzebuerg, war den Nicolas Thill vun 1905 bis 1938 Schoulmeeschter zu Éiter. Hien huet sech fir réimesch a prehistoresch Archeologie intresséiert an huet eng sëlleche vu Sichen no Spuren dovun organiséiert. Hie war bei där dobäi, wou de Loschbur-Mann entdeckt gouf.
Hien huet eng ganz Rëtsch Erzielungen iwwer d'Liewe vu prehistpresche Mënschen an iwwer lokal Evenementer oder Anekdoten a Publikatioune wéi de Luxemburger Marienkalender, An der Ucht, Füllhorn, Morgenglocken, Luxemburger Schulfreund a Jonghémecht erausbruecht, a Kannerlidder a -geschichte geschriwwen.
Um Spaweck
Commons: Nicolas Thill (Archeolog) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
Um Spaweck
Commons: Nicolas Thill (Archeolog) – Biller, Videoen oder Audiodateien |