Nicolas Pletschette
Quick Facts
Biography
Den Nicolas ("Nic") Pletschette, gebuer de 15. Februar 1882 zu Steeën a gestuerwen den 30. September 1961 zu Rëmeleng, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
Säi Liewen
Den Nic Pletschette ass an einfache Verhältnesser, als fënneft vun aacht Kanner vum Schouster Michel Pletschette a senger Fra, der Catherine Rodange, enger Niess vum Michel Rodange.
No 3 Joer Lehrernormalschoul huet hien zu Schandel als Schoulmeeschter ugefaangen, fir no 5 Joer op Rëmeleng versat ze ginn, wou e bis zum Enn blouf.
Hien huet 1932 seng éischt Publikatioun erausbruecht, Letzebuerger Schnoken, déi, grad wéiseng Biller aus der Letzebuerger Sprooch Sammlunge vu Spréchelcher a Volleksweisheete waren déi en doruechter héieren huet. 1934 schrouf e Reisebilder aus Italien, 1935 Fremde Klänge im Luxemburger Dialekt. Hien huet nach weider Sammlungen erausbruecht, ë. a. déi vun de Lidder vum Mathias Thill (1880-1936).
1936 huet e sech mam Hélène Schuh bestuet.
1935 gouf hie Membre correspondant, 1945 membre effectif vun der sproochwëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-ducal.
Weider Publikatioune vun him waren ë. a. Mäi Letzebuerger Eckelchen (1946-1950), Der Luxemburger Lehrer im Urteil des Volkes und seiner Schriftsteller (1955-56), De Schousterpittchen (1956 an 1965) oder Rümelingen, die Stadt der roten Erde (1957).
Wierker (Auswiel)
- Letzebuerger Schnoken (1932 an 1945)
- Biller aus der Letzebuerger Sprôch. Riedensarten a Wîrder (1933 an 1950)
- Fremde Klänge im Luxemburger Dialekt (1935)
- Der Volksschriftsteller Heinrich Adolf Reuland (1938)
- Der Luxemburger Dorfschuster (1939)
- Kriegswolken über Rümelingen (1949)
- Mei Letzebuerger Eckelchen (1946-1950)
- Volk und Wetter (1952)
- Der Luxemburger Lehrer im Urteil des Volkes und seiner Schriftsteller (1955-56)
- De Schousterpittchen (1956 an 1965)
- Rümelingen, die Stadt der roten Erde (1957)
- Spâss an der Letzebuerger Sprôch (1961)
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1950)
Literatur
- Cornel Meder: Nicolas Pletschette (1882-1961). Esch-Alzette, impr. Kremer-Muller, 1965, 46 S.
Referenzen
- ↑ Fiche 'Nicolas Pletschette' op autorenlexikon.lu.
- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Cornell Meder: "Das Sammeln ist des Lehrers Lust: Zum hundertsten Geburtstag von Nic. Pletschette." d'Letzeburger Land, 19.2.1982, S.
- ↑ Fiche 'Nicolas Pletschette' vum Syndicat d'Initiative Ärenzdallgemeng
- ↑ Memorial A N°10 vun 1950 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen