Nathalie Meier-Hottua
Quick Facts
Biography
D' Nathalie Meier, gebuer de 25. November 1970 zu Esch-Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Autorin.
Si huet dat éischt an eenzegt (Stand: 2019) Buch iwwer Paleo geschriwwen.
D’Nathalie Meier-Hottua huet vun 1991 bis 2009 als Investmentberoderin am Bankesecteur geschafft, a schafft zanterhier als Beroderin bei enger lëtzebuergescher Verméigensverwaltungsfirma a kommentéiert fir déi och reegelméisseg Freides op RTL Tele Lëtzebuerg d'Geschéien op de Finanzmäert.
An hirer Fräizäit beschäftegt si sech mat Theme ronderëm Gesondheet, Gewiichtsproblemer an der Fitness an der moderner Gesellschaft, an ausserdeem der Evolutiounsgeschicht vum Mënsch, der Paleontologie, der (Epi)Genetik an der Biochimie. Si huet en Zousatzstudium als Primal Health Coach, dee vum amerikanesche Gesondheetscoach Mark Sisson ausgeschafft gi war.
Si ënnerhält e Blog an eng Facebooksäit iwwer gesond Liewensféierung a Gesondheet.
Literatur
- Paleo - die moderne steinzeitliche Lebensart, Éditions Schortgen, 2018. ISBN 978-99959-36-67-9.
Referenzen
- ↑ revolution.lu
- ↑ https://www.facebook.com/revolution.lu/