peoplepill id: nadine-bichler
NB
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Female
Birth
Place of birth
Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Age
49 years
Instruments:
The details (from wikipedia)

Biography

D'Nadine Bichler, gebuer 1968 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen de 15. November 2017, war eng lëtzebuergesch Saxophonistin.

Studium a Carrière

Am Alter vun 10 Joer huet Nadine Bichler sech um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ageschriwwe fir Solfège a Saxophon an der Klass vum Professer Guy Goethals ze léieren. Hire Studium huet si 1993 mat engem Prix supérieur au saxophone en musique de chambre ofgeschloss.

D'Nadine Bichler huet eng Ausbildung als Infirmière gemaach an huet als Infirmière anésthesiste am Centre hospitalier an der Stad Lëtzebuerg geschafft.

Nieft hirer Aarbecht huet d'Nadine Bichler sech am Conservatoire royal de musique zu Léck um Saxophone weidergebilt, wou si an de Klasse vum Albert Thyssens a Philippe Leblanc war.

Fir hir Formatioun ofzeschléissen huet si sech um Conservatoire vu Maastricht beim Professer Adri Van Velsen ageschriwwen.

Wärend där Period huet si mam Sopran-Saxophon am Quatuor de saxophones du conservatoire de Maastricht gespillt.

1996 krut d'Nadine Bichler de Premier prix supérieur interrégional en musique de chambre. Si huet sech nach bei de Professere François Daneels vu Bréissel, Claude Delangle vu Paräis, Iwan Roth vu Basel, Serge Bichon vu Lyon an Arno Bornekamp vun Amsterdam weider perfektionéiert.

An hirem Repertoire hat si ënner anerem Wierker vu Glazounov, Harvey, an Debussy. Si war um Saxophon alto a sopran perfektionéiert.

Si war Chargée de cours an der Museksschoul zu Iechternach, an Dirigentin vun der Harmonie vu Biwer a vun der Harmonie vun Hesper.

Den 1. Oktober 2017 hätt si sollen hir nei Plaz als Direktesch vun der Iechternacher Musekschoul untrieden, konnt dat awer wéinst hirer schwéierer Krankheet net méi maachen.

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Museker

Um Spaweck

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Nadine Bichler is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Nadine Bichler
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes