Marie-Paule Molitor-Peffer
Quick Facts
Biography
D'Marie-Paule Molitor-Peffer, gebuer de 7. Oktober 1929 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 9. September 1999 bei Loriol, war eng lëtzebuergesch Fraendoktesch.
D'Marie-Paule Molitor-Peffer war bekannt fir hiert Engagement a Punkto sexueller Opklärung a Partnerschaftsberodung. Als laangjäreg Presidentin (bis Ufank vun den 1990er Joren) vum Planning familial huet si sech an der Press an op Radio Lëtzebuerg fir hiert Uleies agesat.
Si huet sech och géint de sexuellen Abus vu Kanner engagéiert, och duerch hir Elteren, a war Expertin fir sou Fäll viru Geriicht. Ausserdeem huet se Policeagente forméiert, wéi se Frae befroe sollten, déi eng Vergewaltegung erlidden haten.
D'Marie-Paule Molitor-Peffer ass den 9. September 1999 an engem Autosaccident, zesumme mat hirem Mann, dem Georges Molitor, leie bliwwen.
Gielercher
- "mention honorifique exceptionnelle" beim Prix Korczak 1997 vun der Stëftung Kannerschlass
- Prix Nic. Thoma vun der Enseignantsgewerkschaft FGIL
- Commandeur vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1997)
Follgend Gemengen hu Stroossen no der Marie-Paule Molitor-Peffer benannt:
- D'Gemeng Suessem huet 2009 eng vun den neie Stroossen op Belval-Nord no hir genannt.
- D'Gemeng Déifferdeng huet ëm 2012 eng vun den neie Stroossen am Quartier Arboria no hir genannt.
- D'Gemeng Mamer huet 2013 eng Strooss (Klunscheknupp) no hir ëmbenannt.
- Och zu Bartréng gëtt et eng Strooss Dr Marie-Paule Molitor-Peffer.
Wierker
- Sexualität ist mehr. (1982)
- Liebe Macht Mut. (1988)
Referenzen
- ↑ "Virun 10 Joer ass d'Marie-Paule Molitor-Peffer verongléckt". rtl.lu, 09.09.2009, 10:06 - Fir d'lescht aktualiséiert: 09.09.2009, 14:01.
- ↑ „'Die Menschen auf dem Weg ins Glück begleiten'“ tageblatt.lu 09/09/2009 08:54:00
- ↑ Memorial B n° 44 vun 1997 mat der Lëscht vun de Leit déi 1997 eng national Auszeechnung kritt hunn