
Quick Facts
Biography
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Mésy Faber (oder Mesy Faber), gebuer den 20. Oktober 1925 als Marie-Madeleine Bergamini a gestuerwen den 2. Januar 2020 zu Beetebuerg, war eng Lëtzebuerger Operettesängerin a Schauspillerin.
No hiren Ufäng am Hollerecher Gesangsveräin koum si 1950 op d'Operettebün, déi deemools ënner der Leedung vum Auguste Donnen stoung. Mat hirer Mezzosopranstëmm
huet si meeschtens Rolle vun der Soubrette iwwerholl. Si huet hir Gesangs- a Schauspillertalenter awer och an de Revuen am Theater an am Variété-Ensemble vun derNationallotterie virgedroen.
1958 huet si zesumme mat der däitscher Sängerin Caterina Valente am Paräisser Olympia den zweete Präis an engem Chansonsconcours gewonnen, dee vun Europe 1 organiséiert gi war.
D'Mésy Faber huet ni eng professionell Carrière ageschloen, obwuel hir en etlech Offeren, ënner anerem vum Varietétheater Bobino zu Paräis, gemaach goufen.
Filmographie
- D'Fifties zu Lëtzebuerg (2013)
- Faustino: One Man Show (2015)
Discografie
- Mesy Faber beglet vum Orchester Jean Roderes - Hien Ass Ke Millionar / Eng Zaletchen, His Master's Voice
Literatur
- Roger Spautz, 1980, Die Soubrette Mésy Faber am Lëtzebuerger Journal Nr. 254, S. 11-12
Um Spaweck
- Aus den Archive vum CNA: De Paul Lesch, Direkter aus dem CNA, iwwert di lëtzebuergesch Sängerin Mésy Faber, Reportage op rtl.lu de 24. Oktober 2016
- Sängerin Mésy Faber gestorben op pressreader.com (Artikel am Luxemburger Wort vum 8. Januar 2020, S. 14)
- Mesy Faber-Bergamini op IMdB
Referenzen an Notten
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort 2020-01-04/08 op gedenken.lu
- ↑ Sängerin Mésy Faber gestorben am Luxemburger Wort vum 8. Januar 2020, S. 14