peoplepill id: maggy-stein
MS
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Female
Place of birth
Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Place of death
Esch-sur-Alzette, Canton of Esch-sur-Alzette, Luxembourg
Age
67 years
Family
The details (from wikipedia)

Biography

D'Maggy Stein, gebuer den 13. Abrëll 1931 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 11. Februar 1999 zu Esch-Uelzecht war eng lëtzebuergesch Sculptrice.

D'Maggy Stein huet am Marmer, Bronze, Steen, a méi seelen am Holz geschafft.

Hiert Liewen

D'Maggy Stein war d'Meedche vum fréiere Kolléischdirekter Jean-Pierre Stein (1892 - 1963).

Vun 1947 bis 1949 war si als élève libre am Cours fir Skulptur vum Lucien Wercollier an der Handwierkerschoul (haut Lycée des arts et métiers) ageschriwwen. No hirer Première am Joer 1949, war si du fir ee Joer Schülerin an der Handwierkerschoul. Vun 1950 bis 1953, no hirem éischte Bestietnes, huet si mat hirem Mann am Kongo gelieft. D'Koppel krut dräi Kanner, dräi Meedercher déi 1951, 1955 a 1959 gebuer goufen. Vun 1957 un huet si nees u Course vum Lucien Wercollier deelgeholl.

Vun 1962 un huet d'Maggy Stein Ausstellunge vun hire Skulpturen organiséiert a bei Ausstellunge mat anere Kënschtler zu Lëtzebuerg an och am Ausland matgemaach.

1978 krut si vum Lëtzebuerger Staat den Optrag fir eng monumental Skulptur. Sou ass déi 2,50 Meter grouss La grande Isis am Travertin entstanen, déi 1980 virun der 'aler Sophie' opgestallt gouf.

1980 huet si sech mam Sculpteur Jean-Pierre Georg bestuet. Zesummen hu si en ale Bauerenhaff zu Fenneng restauréiert, wou si hir separat Atelieren haten a gelieft hunn.

D'Konschtgalerie am Beetebuerger Schlass huet den Numm Galerie d'art Maggy Stein.

Wou si Wierker vun der Maggy Stein ze gesinn?

  • Prométhée / Lilith (La grande Isis), Skulptur am Steen zu Lëtzebuerg op der Plaz nieft der 'aler Sophie'.
  • D'Viischtdier vun der Protestantescher Kierch zu Esch-Uelzecht.

Literatur

Referenzen an Notten

  1. Luxemburger Lexikon 2006, S. 408
  2. "Prométhée/Lilith", eine Monumentalplastik von Maggy Stein. (1985). Télécran, Télécran. - Luxembourg Jg. 7 (1985), Nr. 28, p. 28-29, ill.
  3. Becker, N., 2015. Ons stad 108: S. 78-79.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Maggy Stein is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Maggy Stein
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes