peoplepill id: leopold-winandy
LW
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Work field
Gender
Male
Age
88 years
Education
Conservatoire de musique Esch-sur-Alzette
Royal Conservatory of Brussels
The details (from wikipedia)

Biography

De Léopold Winandy, gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esch-Uelzecht, ass e Lëtzebuerger Musekspedagog, Flütist an Dirigent.

Hien huet säi Museksstudium am Escher Conservatoire gemaach: Solfège, Flütt an Harmonie. Um Conservatoire Royal de Bruxelles huet hie säi Studium vervollstännegt. An de Joren 1976 a 77 war hie Schüler vum groussen Dirigent Sergiu Celibidache.

Am Escher Conservatoire war hie Professeur fir Solfège, Flütt a Blockflütt. Als Éischten zu Lëtzebuerg huet hie schonn 1969 Course gi fir Kodally Orff, mat Kanner vu 4 Joer un. An de leschte Joren huet hie Solfègebicher publizéiert, déi beim Museksverlag UGDA erauskomm sinn. Déi Bicher gi vum Eveil bis d'fënneft Joer Solfège a sinn e wichtege Bäitrag fir d'Musekserzéiung zu Lëtzebuerg.

Hie war Dirigent vun der Harmonie vu Schëffleng, dem Cercle Symphonique vu Rëmeleng, dem Kierchechouer vu Lalléng, dem Kannerchouer vu Schëffléng an dem Gesangveräin Ëmmer Frou vun Téiteng.

Zanter 2000 ass hien Dirigent vum Chouer "Cercle Vocal Belval-Metzerlach", a President vum Orchesterseminaire EPTER SYMPHONIA.

Um Spaweck

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Leopold Winandy is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Leopold Winandy
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes