peoplepill id: leon-moulin
LM
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

Gender
Male
Place of birth
Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Place of death
Luxembourg, Canton of Luxembourg, Luxembourg District, Luxembourg
Age
77 years
The details (from wikipedia)

Biography

De Léon Moulin, gebuer de 4. Dezember 1897 an der Stad Lëtzebuerg (an der Dräikinneksgaass), an do gestuerwen den 28. November 1974, war e lëtzebuergeschen Theaterschauspiller, Auteur a Radios-Speaker.

Hie war vu Beruff Coiffer an der Neipuertsgaass.

Seng éischt Theaterroll hat hie mat 13 Joer, am Mäerz 1910, am Batty Weber senger Revue Peffer a Salz.

Nom Éischte Weltkrich war hie Member vun den Theaterensembelen Montmartroise, La Mansarde, Les Deux Masques a L'Avant-Scène. Mat dësem leschten Ensembel, deen nëmme franséisch Stécker opgeféiert huet, ass de Léon Moulin och am Ausland opgetrueden.
Duerch seng besonnesch Frëndschaft mam Batty Weber war hie bei all Uropféierung vun dem senge Wierker, ausser dem Aarme Pierrot, op der Bün. Et gouf behaapt, de Batty Weber hätt him an dem August Donnen munnech Rollen op de Läif geschriwwen.

Hien huet a ville Revuen, Operetten, haaptsächlech déi vum Emile Boeres, matgespillt a Regie gefouert. Donieft war hien e gefrote Lieser vun Texter a Gedichter. Den 1. August 1933 gouf hie fest bei Radio-Lëtzebuerg agestallt, wou hie bis zu senger Pensioun, den 1. Januar 1964 blouf. Hei war hie bekannt fir seng Emissiounen an enger defteger Lëtzebuerger Sprooch a seng eemoleg Stëmm an Aussprooch.

De Léon Moulin ass um Nikloskierfecht begruewen, wou och den August Donnen an de Batty Weber hir Griewer hunn.

Filmer als Schauspiller

  • Circulez (1939) vum René Leclère (Kuerzfilm)

Wierker

  • De Fuuss. Eng onmënschléch-mënschléch Geschicht vun den zaamen a wëllen De'eren, 1968

Literatur

  • Conter, Claude D., 2007. Moulin Léon. In: Luxemburger Autorenlexikon. Erausgi vum Germaine Goetzinger & Claude D. Conter an Zesummenaarbecht mat aneren. S. 433-434. Centre national de littérature. Imprimerie Graphic Press.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Léon Moulin is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Léon Moulin
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes