peoplepill id: joseph-suennen
JS
Luxembourg
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Joseph (Jos) Sünnen, gebuer den 1. Dezember 1894 zu Bech-Maacher, a gestuerwen de 15. Mee 1969 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuegesche Moler a Sculpteur, dee virun allem fir seng Biller vun der Muselgéigend bekannt ass.

Hien ass 1914 an d'Klouschterschoul vu Maredsous an der Belsch gaangen. 1917 ass en op Düsseldorf geplënnert, fir do op d'Kunstgewerbeschule ze goen. Vun 1926 un huet e sech zu Düsseldorf als fräischaffende Kënschtler etabléiert. 1940 huet e säin Atelier nees a säi Gebuertshaus zu Bech-Maacher verluecht, dat haut eng Konschtgalerie ass.

Ausstellungen (Auswiel)

  • 1923, Athénée, Stad Lëtzebuerg
  • 1927, Stadhaus, Lëtzebuerg
  • 1935, International Ausstellung, Bréissel
  • 1937, Musée d'Art Moderne, Paräis
  • 1959, Sünnen a Cito, Munneref
  • 1960, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
  • 1963, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
  • 1969, Haus Sünnen, Bech-Maacher
  • 1982, Galerie Sünnen, Bech-Maacher
  • 1982, Stadhaus, Déifferdeng
  • 1985, Bank UCL, Esch-Uelzecht
  • 1989, Galerie Sünnen, Bech-Maacher

Wierker

  • Paul-Eyschen-Monument zu Stadbriedemes
  • Fresken an der Kierch zu Bech-Maacher
  • Fresken an der Genossenschaftskellerei zu Welleschten
  • Donatus-Monument am Éislek tëscht Mäerkels an Alschent

Literatur

  • Malget, Jean: Die Maler der Mosel Nik Brücher, Nico Klopp und Joseph Sünnen im Licht ihrer Korrespondenz, J. Malget, Éilereng, 2006
  • Herr, Lambert: Anthologie des Arts au Luxembourg, 1992, Éditions Émile Borschette, S.376-377
  • Monographie: Joseph Sünnen, 1982, verschidden Auteuren, Les Publications mosellanes, Schwebsange
  • Braun-Breck, Lotty: Eine ehrliche und leichtverständliche Kunst, Betrachtungen zum 100. Geburtstag des Malers Jos Sünnen Die Warte (Beilage Lux. Wort) 1. Dezember 1994

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Referenzen an Notten

  1. Luxemburger Lexikon, 2006
  2. Haan, J., 1934. Das Donatus-Denkmal in Merkholtz-Alscheid. A-Z Luxemburger Illustrierte vum 26. August 1934, S. 12-13.(Link)
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Joseph Sünnen is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Joseph Sünnen
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes