peoplepill id: joseph-groben
JG
1 views today
1 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

De Joseph Groben, gebuer den 18. Mäerz 1935 zu Eppelduerf, ass e lëtzebuergesche Literaturwëssenschaftler, Auteur a Professer .

Hien ass virun allem bekannt als Auteur vu kulturellen, literatur- a konschtkriteschen an och historeschen Texter. 1974 huet hien de Kammerorchester Les musiciens gegrënnt, deem säi President hie bis haut ass.

Hien ass Member vum Institut grand-ducal, Section des arts et lettres.

De Joseph Groben ass bestuet a Papp vun zwee Meedercher, der Violonistin Anne Groben an der Cellistin Françoise Groben. Hien ass den Eedem an de Verwalter vum Nikolaus Hein sengem Wierk, dat hien nei erausbruecht huet.

Studien a Beruff

No senger Primärschoul zu Bouneweg huet de Joseph Groben 1954 seng Première am Stater Kolléisch gemaach. Duerno huet hie Germanistik, Romanistik a Slawistik zu Lëtzebuerg, Wien, Paräis a Moskau studéiert.

Duerno huet hie vun 1959 bis 1998 Latäin, Däitsch, Franséisch a Russesch am Stater Jongelycée enseignéiert. Vun 1972 bis 1992 huet hien däitsch Literatur um Centre universitaire zu Lëtzebuerg enséignéiert.

Säi Wierk

Dräi beschtbekannt Verëffentlechunge vum Joseph Groben sinn:

  • Das Moseltal. Dichtung - Malerei - Musik. 2015. Hrsg. J. Groben. Verlag Michael Weyand, Trier. ISBN 978-3942 429-17-7
  • Connaissance de l'ancien Duché de Luxembourg, e Buch vun 2000 iwwer d'Haaptuertschaften aus dem fréieren Herzogtum Lëtzebuerg;
  • Mosella. Historisch-kulturelle Monographie, 2004 (éischt Editioun, Saint-Paul Lëtzebuerg) an 2011 (aktualiséiert an iwwerschafft zweet Editioun, Verlag Weyand, Tréier, 311 S.). ISBN 978-3-935 281-82-9; , e Buch iwwer d'Musel an d'Kulturgeschicht vum Dall vun der Musel, dat vun der Quell bis zur Mëndung an de Rhäin;
  • Sites historiques autour du Grand-Duché - Historische Stätten rings um das Grossherzogtum; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 2012; 318 Säiten (ill.) + 2 CD'ën.

Weider Publikatiounen (Auswiel)

  • Requiem für ein Kind. Trauer und Trost berühmter Eltern (Hrsg.), Dittrich Verlag, Köln 2001, ISBN 3920862325

Kritesch Editiounen (Auswiel)

  • 'Als flösse die Mosel mitten durch sein Herz' - Nikolaus Hein, Ausgewählte Werke, herausgegeben und kommentiert von Joseph Groben; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2016; 623 Säiten (ill.) + 1 CD mat Vertounungen an Originalopnahme vum Nikolaus Hein.
  • Nikolaus Hein, Der Verräter, Erzählung; virgestallt a kommentéiert vum Joseph Groben; Bd. 6 vun der Collectioun 'Lëtzebuerger Bibliothéik'; Miersch (Centre national de littérature (CNL) / Lëtzebuerger Literaturarchiv), 1994.

Literatur

  • Conter, C.D., 2007. Groben, Joseph. In: G. Goetzinger a Claude D. Conter, Luxemburger Autorenlexikon, Centre national de littérature, Miersch, S.225-226.

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Schrëftsteller

Referenzen an Notten

Studien a Beruff

No senger Primärschoul zu Bouneweg huet de Joseph Groben 1954 seng Première am Stater Kolléisch gemaach. Duerno huet hie Germanistik, Romanistik a Slawistik zu Lëtzebuerg, Wien, Paräis a Moskau studéiert.

Duerno huet hie vun 1959 bis 1998 Latäin, Däitsch, Franséisch a Russesch am Stater Jongelycée enseignéiert. Vun 1972 bis 1992 huet hien däitsch Literatur um Centre universitaire zu Lëtzebuerg enséignéiert.

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Joseph Groben is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Joseph Groben
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes