peoplepill id: jonas-lippmann
JL
1 views today
2 views this week
The basics

Quick Facts

The details (from wikipedia)

Biography

Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jonas Lippmann, gebuer..., gestuerwen den 1. September 1841 zu Bouneweg, war e franséischen Entreprener a Pionéier vun der Lëtzebuerger Händschenindustrie.

Hie koum 1807 mat senger Famill op Lëtzebuerg, wou hien an der Stad als Schoulmeeschter an Heebräesch agedroe war.

1821 huet hien eng Händschefabrik an der Philippsgaass opgemaach, wou hie Liederhändschen nom Paräisser a Grenobler Muster fabrizéiert huet. Ëm 1825 huet hie seng Produktioun an dat aalt Klouschter an de Pafendall verluecht, dat selwecht Gebai, wou och d'Bridder Guetschlik a Samson Godchaux hir Wiewerei exploitéiert hunn.

De Jonas Lippmann hat vill Succès mat sengen Händschen. Hien huet 1825 op der Ausstellung vun Haarlem eng Sëlwermedail an eng Medail éischter Klass op der Internationaler Ausstellung zu Paräis kritt.

Hien hat zwéi Jongen:

  • Den Isaï Lippmann (1804, Ennery bei Metz - 18xx) huet dem Papp seng Affär virugeféiert an d'Atelieren op Bouneweg verluecht. Do ass och dem Isaï säi Fils, de Gabriel Lippmann, gebuer, de spéidere Nobelpräisdréier an der Physik.
  • De Léon Lippmann (1808-1883), deen 1858 zu Amsterdam d'Bank Lippmann, Rosenthal & Cie gegrënnt huet.

De Jonas Lippman a seng Famill hunn 1848 hire Wunnsëtz op Paräis verluecht. Hie war ee vun den industrielle Pionéier, déi d'Industrie zu Lëtzebuerg héich bruecht hunn.

Kuckt och

  • Händschenindustrie
  • Industriell Pionéier
  • Lëscht Nobelpräis Physik

Um Spaweck

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Jonas Lippmann is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Jonas Lippmann
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes