peoplepill id: joanny-scotte
JS
France
1 views today
1 views this week
Joanny Scotte
Franséischen Huttmécher an Erfinder

Joanny Scotte

The basics

Quick Facts

Intro
Franséischen Huttmécher an Erfinder
Places
Work field
Gender
Male
The details (from wikipedia)

Biography


De Joanny Scotte, deen als Crotte gebuer gouf, säin Numm awer méi spéit a Scotte ännere gelooss huet, war e franséischen Huttmécher an Erfinder.

Hien huet sech scho fréi mat Dampmaschinne beschäftegt an an de Joren 1892 an 1893 zu Épernay op d'mannst zwee Gefierer entwéckelt, déi mat Damp ugedriwwe goufen. Ëm 1893 huet hien zu Paräis d'Société des chaudières et voitures à vapeur système Scotte gegrënnt mat där hie seng Gefierer kommerziell gebaut huet, dorënner eng oppe Wagonette fir eng privat Clientèle oder méi grouss Gefierer fir de Gidder- oder Persounentransport.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Scotte-Tram.

Mat engem aneren, als Omnibus genannte Gefier, an deem Plaz fir sechs Leit war, ass de Scott 1894 bei Paris-Rouen, der éischt Autoscourse an der Geschicht matgefuer. Wéinst engem Accident koum hien net bis op d'Arrivée, e krut awer vum Organisateur e Prix d'encouragement vu 500 franséische Frang.

Mat der Produktioun vu senge Gefierer war et ëm 1914 fäerdeg an de Scotte ass op Épernay gaangen, wou hie eng Huttmécherei opgmemaach huet.

Referenzen an Notten

  1. (fr)Voitures sans chevaux - Le concours du « Petit journal », Le Petit journal. Gallica (24.07.1894). Gekuckt de(n) 26.03.2023.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Joanny Scotte is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Joanny Scotte
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes