Jean-Louis Siweck
Quick Facts
Biography
De Jean-Louis ("Jean-Lou") Siweck, gebuer den 12. Dezember 1970 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist. Hien ass vum 1. Mee 2018 u Generaldirekter vun Editpress wou hien Nofollger vun der Danièle Fonck gouf. Virdru war hie vun November 2013 bis September 2017 Chefredakter vum Luxemburger Wort.
De Jean-Lou Siweck huet Journalistik op der Université libre de Bruxelles studéiert. Duerno war hien um Collège d'Europe zu Bruges.
Vun 1998 bis 2000 a vun 2002 bis 2004 huet hie fir d'Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land geschafft. Dertëscht war hien e Joer am Generalsekretariat vun der Banque générale du Luxembourg an dono Redakter an der Dageszeitung Le Quotidien. Vun 2004 bis Oktober 2013 war e wirtschaftleche Beroder vum Premierminister Jean-Claude Juncker. Den 1. November 2013 gouf hien zum Chefredakter vum Luxemburger Wort ernannt..
Enn September 2017 huet hien, no Divergenze mam Verwaltungsrot zur Ligne éditoriale, d'Wort verlooss an ass zanter dem 1. November nees Conseiller am Staatsministère. De 19. Januar 2018 gouf hie vum Ministerrot an de Verwaltungsrot vum Radio 100,7 genannt, wou hien den 30. Mäerz 2018 vum Jacques Thill ofgeléist gouf.
Um Spaweck
- Fiche biographique op paperjam.lu.
Referenzen
- ↑ Fiche biographique op paperjam.lu.
- ↑ "Jean-Lou Siweck à la direction d’Editpress." paperjam.lu, 12 Mars 2018, 19:30.
- ↑ "Die Führungsebene" op bgl.lu, gekuckt: 2013-11-08.
- ↑ "Kritisch und unabhängig - aber nicht wertelos." wort.lu, 2013-11-08, 13h00:09.
- ↑ "Jean-Lou Siweck quitte le Luxemburger Wort." wort.lu, 21. September 2017 um 16:30.
- ↑ ""De Jean-Lou Siweck ass zeréck op sengem ale Posten." rtl.lu, 06.11.2017, 18:01:22.
- ↑ "Jean-Lou Siweck im Verwaltungsrat von Radio 100,7." Wort.lu vum 19.1.2018
- ↑ Arrêté vun der Nominatioun vum Jacques Thill