peoplepill id: jean-louis-gindt
JG
Luxembourg
1 views today
4 views this week
Jean-Louis Gindt
Luxembourgian theologian

Jean-Louis Gindt

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgian theologian
Work field
Gender
Male
Place of birth
Dudelange, Luxembourg
Age
65 years
Family
Children:
The details (from wikipedia)

Biography

De Jean-Louis Gindt, gebuer den 1. November 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Professer an Theolog. Hien ass bestuet a Papp vun enger Duechter a vum Raphael Gindt.

Biographie

No senger Première am Escher Jongelycée 1979, huet hien op der Universitéit Stroossbuerg II, deemools université des sciences humaines, kathoulesch Theologie studéiert a säi Studium mat engem DEA (diplôme d'études approfondies) an der Theologie ofgeschloss.

Zanter 1984 enseignéiert hien am Kolléisch. Nieft dem Reliounsunterrecht, enseignéiert hien Dactylo op Basis vun engem eegenen Online-Cours a Webpublishing als eng Form vun ugewannter Informatik. Zanter 2014 ass hie responsabele Professer fir d'Éischt Hëllef Team Kolléisch.

Vun 1987 bis 1990 war hie fräie Mataarbechter an der Kulturredaktioun vum Luxemburger Wort.

Hien ass zanter 2003 benevole Mataarbechter bei der Léierplattform rpi-virtuell. Hei schafft hie besonnesch mat am Beräich Online-Lernen, dem Asaz vun den neien informatesche Medien am Déngscht vum Léieren. An deem Kader ass och d'eXpedition-Léiermethod entstanen, déi hien zesumme mat rpi-virtuell entwéckelt huet. De Jean-Louis Gindt ass och Curateur vum virtuelle Musée, der rpi ! Artothek. Dëser Artothéik geet et drëm zäitgenëssesch Konscht ze weisen, déi sech mat Relioun, Spiritualitéit an dem Sakralen auserneesetzt. An enge 50 virtuelle Raim si méi wéi 500 Konschtwierker ze gesinn.

De Jean-Louis Gindt huet och bei der Léierplattform vum Educatiounsministère mySchool matgeschafft, déi 2016 ofgeschalt an duerch en neit Portal ersat gouf a versteet sech als Wikipedianer.

A senger Fräizäit ass hien als passionéierten Daucher och CMAS-Instrukter. Zanter 2019 ass hie President vum Comité Technique vun der Lëtzebuerger Dauchfederatioun FLASSA.

Publikatiounen (Auswiel)

  • 1983, GINDT, J-L, Des ministères pour les laïcs? Analyse d'une enquête auprès de 450 "Gottesdiensthelfer/GH" du Grand-Duché de Luxembourg, Strasbourg – bibnet.lu
  • 1991, GINDT, J-L, Die Dienste der Kirche in Luxemburg an den Jugendlichen, Situationsanalyse der Beziehungen zwischen Jugendlichen und Kirche unter Mgr. Jean Hengen und pastoraltheologischer Versuch eines Konzeptes für die kirchliche Arbeit unter Jugendlichen, 300 S.– bibnet.lu
  • 1999, KÜNG, H, GINDT, J-L, PAWLOWSKI, H,: "Credo": für Zeitgenossen des 21. Jahrhunderts, Zusammenfassung, Oberursel, Publik-Forum – bibnet.lu
  • Weider Publikatiounen op senger Internetsäit

Um Spaweck

Referenzen

The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Jean-Louis Gindt is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Jean-Louis Gindt
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes