
peoplepill id: helene-hiertz
The basics
Quick Facts
Gender
Female
Star sign
Age
74 years
The details (from wikipedia)
Biography
D'Hélène Hiertz, gebuer den 19. Mee 1911 zu Hengescht, a gestuerwen de 4. Juni 1985 zu Dikrech war eng lëtzebuergesch Gastronomin an aktiv Resistenzlerin.
Virum a während dem Zweete Weltkrich hat si de Buffet de la Gare zu Kautebaach. Während dem Krich huet si de Refractairen déi an de Bëscher ronderëm Kautebaach verstoppt waren z'iessen organiséiert. Nodeem si un d'Nazie verrode gi war gouf si verhaft a gouf an d'KZ Ravensbrück bruecht wou si annerhalleft Joer inhaftéiert bliwwen ass.
De Restaurant, deen d'Hélène Hiertz nom Zweete Weltkrich zu Dikrech opgemaach hat, war 1958 deen éischten am Land, deen e Michelin-Stär krut, an 1970 deen éischten, deen en zweete kritt huet.
Den Hôtel-Restaurant gouf zum Schluss vum Antonio Pretti gefouert.
The contents of this page are sourced from Wikipedia article.
The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Hélène Hiertz is in following lists
comments so far.
Comments
Hélène Hiertz