peoplepill id: ger-maas
GM
Luxembourg
1 views today
1 views this week
Ger Maas
Luxembourgish painter

Ger Maas

The basics

Quick Facts

Intro
Luxembourgish painter
Work field
Gender
Female
Place of birth
Wiltz, Wiltz, Canton of Wiltz, Luxembourg
Age
89 years
The details (from wikipedia)

Biography

D'Germaine ("Ger") Maas, gebuer de 4. Februar 1931 zu Wolz, a gestuerwen den 28. Mäerz 2020, war eng lëtzebuergesch Molerin a Graphikerin.

Si huet hire Studium vun 1949 bis 1951 op der Ecole supérieure des arts modernes an der Académie Julian zu Paräis a vun 1952 bis 1956 op der Akademie der Bildenden Künste zu München gemaach. 1961 war si op der Schule des Sehens zu Salzburg, wou si Schülerin vum Oskar Kokoschka war. 1966 huet si eng Zäit an der Cité Internationale des Arts zu Paräis geschafft.

An Däitschland ass d'Ger Maas duerch hir Buchillustratioune vum Gesamtwierk vum Anton Tschechov bekannt ginn (1960 zu München erauskomm).

Am Joer 1968 huet si déi lëtzebuergesch Caritas-Timberen entworf.

An hirem Wierk fënnt ee virun allem Landschaften, Fraeporträten a floral Motiver.

Ausstellungen

  • 1955, Galerie Stenzel, München
  • 1959, Galerie Wierschem, Stad Lëtzebuerg
  • 1961, Galerie Montenapoleone, Mailand
  • 1963, Galerie d'Art, Esch-Uelzecht
  • 1964, Galerie Henning Larsen, Kopenhagen
  • 1965, Galerie de l'ortf, Paräis
  • 1968, Maison du Benelux, Den Haag
  • 1969, Galerie Reflets, Bréissel
  • 1972, Galerie Bradtké, Stad Lëtzebuerg
  • 1976, Haus der Kunst, Tallinn (Estland)
  • 1980, Meridian House International, Washington
  • 1985, Galerie Suzel Berna, Antibes
  • 1989, 1991, 1993, 1995, 1999, Galerie Clairefontaine, Stad Lëtzebuerg
  • 1991, Katholische Akademie, Tréier
  • Unie à mes couleurs, 2011, Konschthaus Beim Engel, Stad Lëtzebuerg

Literatur

  • Maria Burghagen, 1999. LuxArt, Lexikon Luxemburger Künstler Édition WFA Exchange, S. 86-87, ISBN 3-925946-01-2
  • Lambert Herr, 1992. Anthologie des Arts au Luxembourg Éditions É. Borschette, S. 243-245 ISBN 2-87982-034-0

Kuckt och

  • Lëscht vu lëtzebuergesche Konschtschafenden

Um Spaweck

Commons: Ger Maas – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Annonce am Luxemburger Wort vum 4. Abrëll 2020, Säit 58
The contents of this page are sourced from Wikipedia article. The contents are available under the CC BY-SA 4.0 license.
Lists
Ger Maas is in following lists
comments so far.
Comments
From our partners
Sponsored
Credits
References and sources
Ger Maas
arrow-left arrow-right instagram whatsapp myspace quora soundcloud spotify tumblr vk website youtube pandora tunein iheart itunes