Fred Junck
Quick Facts
Biography
De Fred Junck gebuer de 26. Mäerz 1942, a gestuerwen den 10. Februar 1996 an der Stad Lëtzebuerg war e Cinéphile, Filmsammler a Grënner vun der Stater Cinemathéik.
Liewen
De Fred Junck koum al Alter vun 12 Joer op Paräis an e Pensionnat. Do huet e seng Passioun fir de Kino entdeckt an all Fräigang benotzt, fir an de Kino ze goen. Mat 18 Joer ware seng Kenntnesser iwwer de Film sou grouss, datt en an der Tëlevisiounsemissioun La tête et les jambes, virun 8 Milliounen Nokuckerten, den Haaptpräis vun enger hallwer Millioun Al Franséisch Frange gewonnen huet.
En huet seng Première am Lycée Henri IV gemaach an duerno Journalismus a Film um Institut des Hautes Etudes Cinématographiques studéiert. Do war hie mam Barbet Schroeder a mam Bertrand Tavernier zesummen an der Klass.
Fir säin obligatoresche Militärdéngscht ze maachen, koum hien 1968 zréck op Lëtzebuerg. Duerno huet en 1969 en Documentaire iwwer den amerikanesche Generol George S. Patton gedréit an als Filmkritiker op der Televisioun an an der geschriwwener Press geschafft. 1969 war e Producteur Associé vum Barbet Schroeder sengem Film More, an 1972 dréint e L'Europe en marche, hommage à Robert Schuman.
Vun 1973 un war de Fred Junck am Kulturministère agestallt. 1975 war en ee vun de Grënner vun der Cinémathèque du Luxembourg A.s.b.l., wou Filmer, déi en doruechter gesammelt huet, gewise goufen. Dës Projectioune goufen am Kino Vox an der Stad gemaach. 1977 ass de Fred Junck an de Service Culturel vun der Stad Lëtzebuerg gewiesselt, a knapps duerno gouf d'Cinemathéik als Cinémathèque de la Ville de Luxembourg an d'Strukure vun der Stad integréiert.
De Fred Junck hat elo d'Méiglechkeet, Filmer doruechter opkafen ze kënnen, an huet bannent just e puer Joer eng international unerkannte Sammlung zesummegestallt, déi vun den Hollywood-Klassiker iwwer B-Filmer bis hin zu rare Stommfilmer reecht.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cinémathèque de la Ville de Luxembourg
1990 huet en en Dréibuch vun engem Krimi mam Titel Schock Wave geschriwwen, dat awer net verfilmt ginn ass. De Fred Junck ass 1996 am Alter vun 53 Joer an der Stad verscheet.
Dekoratiounen
- Croix d'Officier des Arts et Lettres de la République française
Filmographie
Als Regisseur
- A Man, a Legend: George S. Patton (1969)
- L'Europe en Marche: Hommage à Robert Schuman (1972)
Als Schauspiller
- La Boulangère de Monceau vum Éric Rohmer (1961)
- One-Reel Picture Show vum Andy Bausch (1983)
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch (1989)
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer (1989)
- Three Shake-a-leg Steps to Heaven vum Andy Bausch (1993)
- Falstaff on the Moon, vum Robinson Savary (1993)
Als Produzent
- More vum Barbet Schroeder (1969)
Iwwer de Fred Junck
- L'homme au cigare vum Andy Bausch (2003)
Kuckt och
- Lëscht vu lëtzebuergesche Filmregisseuren